Luxemburger Wort

Di fréier Gardisten hu sech gesinn

-

Nodeems di fréier Gardisten bei der Creos zu Heeschdref eng interessan­t Presentati­oun an e gudde Schotz Apero-Energie zerwéiert kritt haten, hunn déi sympathisc­h Hären sech an der Roudbaach, am Häerz vum Land, an engem gudde Restaurant verwinne gelooss. Iert se sech op de Wee gemaacht hunn, fir dat Useldénger Schlass emol méi no kennen ze léieren, hunn déi fréier Gardisten sech op der viischter Dir fir de Fotograf an de Garde-à-vous gestallt. Virun engem halwe Jorhonnert hu si an hierer deemols nach obligatori­scher Zaldotenzä­it beim Palais um Krautmaart nach op d'Grande-Duchesse Charlotte mam Prënz Felix, hirem iewechte Chef, an duerno op de Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte opgepasst. Mat hire Cheffen, bei deene grad ewéi beim Foussvolle­k en etlich Komerode wéint der kleesperer Gesondheet oder aus aneren Ursaachen net derbäi si konnten – e puer hu schon de leschte „Rompez vos rangs“op dëser Äerd gemaach –, hunn déi fréier Membre vun der Garde grand-ducale sech d'Wuert ginn, an zwee Jor erëm derbäi ze sinn, wann de Jacques op den Appell rifft. (C.)

 ??  ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg