Notizblock
ZENTRUM
– Elterenowend. D'Eltereschoul Janusz Korczak invitéiert op en Elterenowend mam Thema „Vun Erzéiung, Bezéiung, Verantwortung a Grenzen“en Donneschdeg, de 6. Juni, um 18.30 Auer an der Cécile-Ries-Schoul. Informatioune kritt een um Tel. 59 59 59-59.
– Hobbymaart. D'Hobbykënschtler Lëtzebuerg invitéieren op hiren Hobbymaart e Freideg, de 7. Juni, vun 9 bis 20 Auer an e Samschdeg, den 8. Juni, vun 9 bis 18 Auer am Shopping Center. 25 Aussteller aus der Associatioun bidden hir Wierker un (Bijouen, Biller, Filzaarbechten, Luuchten, Tiffany, Kaarten, Specksteenskulpturen, Konscht aus Bicher a villes méi). Weider Informatioune ginn et um Tel. 691 595 746. SÜDEN
– Hamefest. D’Garnecher Musek invitéiert vum 7. bis 9. Juni op dat 41. Garnecher Hamefest. E Freideg, de 7. Juni, suergen de Fausti an den Orchester „Ni doheem“an e Samschdeg, den 8. Juni, d’„Neptun’s Houseband“fir Stëmmung. E Sonndeg, den 9. Juni, gëtt dat traditionellt Mëttegiessen am Zelt zerwéiert (Ham am Schampes; Ham, Fritten an Zalot; Gegrilltes, Fritten an Zalot), Musikalesch gëtt de ganzen Dag encadréiert duerch d'Optrëtter vun de Garnecher Jongbléiser (13.30 Auer), der Lëntgener Musek (14.30 Auer) an der Wormer Musek (16 Auer).
– Gebietsnuecht fir Beruffungen. Am Kader vum Glawensjoer invitéiert de Porverband Mamerdall op eng „Gebietsnuecht fir Beruffungen“e Freideg, de 7. Juni, an der Kapell vum Klouschter (80, route d'Arlon). Et gëtt gebiet, datt och nach haut jonk Mënsche