Comédie am Pëtzenhaus zu Reckeng op der Mess
Samschdes, den 28. September gëtt zu Reckeng op der Mess eng Comédie am Pëtzenhaus (1, rue de la Montée) opgeféiert. D'Geschicht, eng typesch Verwiesslungscomédie, spillt zum Dicks senger Zäit, an der Stad Lëtzebuerg op Kiermessamschdeg. Beim Schräinermeeschter Holzknuet gi verschidde Kosengen als Kiermesgäscht erwaart. Den Holzknuet steet sech ës nämlech finanziell net sou gutt a géif gär seng schéin Duechter „un de Mann bréngen“... Den Entrée kascht 15 Euro (10 Euro fir ënner 18 Joer). Umelle kann ee sech ënnert der Nummer 37 00 24 1.