E mysteriéise Schaz
Dem Josy Braun seng lescht Kriminalerzielung
Néi um Bichermaart: „Armagnac“
Am Joerhonnertsummer 1976 fënnt den Doudegriewer Batty Flesch vu Biwer e Knapp vun enger aler Museksuniform an engem Graf. Well hien näischt domat ufänke kann, gëtt hien e weider un de Basil Roemen, de Bannpréiter aus der Gemeng an deen erënnert sech op eemol un de Muerd um Willy Staud am Joer 1948 am Tunnel tëscht Mäertert a Manternach – e Verbriechen, dat ni opgekläert gouf. De Roemen huet Blutt geleckt ... De Josy Braun (gebuer de 14. Januar 1938 zu Biwer an och do opgewuess) ass den 3. August 2012 am Alter vu 74 Joer gestuerwen a säin (autobiographesche) Roman „Keen Däiwel méi, deen nach Herrgotte keeft“koum no sengem Doud den 1. Oktober 2012 eraus.
Mat „Armagnac“hat de Josy Braun nach e fäerdegt Manuskript hannerlooss, eng Kriminalerzielung, déi sécherlech och en Hommage u säin Heemechtsduerf ass (Klappentext). Wann den Auteur aganks schreift, datt d’Persounen an d’Handlung fräi erfonnt sinn, sou ass dat sécherlech net esou fir d’Plazen, wou d’Geschicht spillt, och wann d’Nimm deelweis verfriemt sinn. Dem Auteur seng plastesch-genee Beschreiwungen, präzis geographesch Donnéen, grad wéi interessant historesch Fakten aus deem Eck am Oste vum Land kaum nach ee schwätzen oder schreiwe kann, wat net heescht, datt dat elo iergendwéi „al“géif wierken, mee et ass virun allem och e Vocabulaire, dee räich ass u präzise Bedeitungen a feinen Nuancen, pittoreske Riedwendungen an originelle Riedensaarten, déi iwwregens och den typesche Charme an d’Ausdrockskraaft vum Lëtzebuergeschen ausmaachen.
Vill vun dëse sproochlechen Tournurë gëtt et iwwregens nëmmen am Lëtzebuergeschen, si kënnen deemno och net wiertlech an d’Däitscht oder Franséischt iwwersat ginn, a maachen d’Typizitéit vun der Sprooch aus (wat iwwregens déi russesch Germanistin Natalia Filatkina an hirer Dissertatioun „Phraseologie des Lëtzebuergeschen“(2005) noweise konnt).
1997 huet de Josy Braun mat „Porto fir d’Affekoten“(2007 op Portugisesch iwwersat), dem éischte Krimi op Lëtzebuergesch, och d’Traditioun vun dësem Genre an der Landessprooch begrënnt an et ass wierklech en dauere Schued, datt seng Lieser elo mat „Armagnac“dat lescht Buch vum Josy Braun, alias j.b., JoB oder Monni Jéis, engem vun de ganz Grousse vun der Lëtzebuerger Literatur a Sprooch, virleien hunn... Josy Braun: „Armagnac“, Kriminalerzielung, Kremart Édition, Lëtzebuerg Oktober 2013, 136 Säiten, ISBN 978-99959-830-5-5. Gëscht gouf d’Buch offiziell virgestallt.