Gudde Kascht
„Gefëllte PaschTéitchen“vum Téit Wanderscheidt
Et sinn 51 Gedichter a Lëtzebuerger Sprooch, a fënnef Kapitelen opgedeelt, nämlech „Gesond a monter – D’Zäiten hu geännert – Ënnerwee, eleng a mat aner – PO-litik a PO-lice – Et ginn der vun allen Zorten“, déi den Téit Wanderscheidt a sengem neie Buch „Gefëllte PaschTéitchen“zesummegedro huet. Et mierkt een natierlech, datt de Virnumm vum Auteur sech schonn am Titel verstoppt…
De Kader fir déi ganz flott Lektür liwwert – am Virwuert an am Nowuert – déi gutt hausmaacher Paschtéit, déi fréier op all Kiermesdësch zerwéiert a mat Genoss verziert ginn ass. Dofir muss een onbedingt drop hiweisen, dass am Bichelchen och e ganz beléift Fest vu fréier am Bléckpunkt steet, wat haut an de Vergiess gerode kënnt, wann et hei net esou plastesch beschriwwe géif.
An da komme mer bei déi sprëtzeg Gedichter, dacks mat enger Pointe, déi een net erwaart, wéi z. B. „Am Bistro“, oder och mat méi kriteschen Aussoen, wann et ëm d’Fraequot geet, an och mat Feststellungen, déi den Nol op de Kapp treffen, wéi am Gedicht „Oktav“, fir nëmmen dat ze nennen.
„Ënnerwee“begéint een dem Pechvull, der Freiesch, der Nopesch, dem Eeërleeër, dem Stëmmefänkert oder och dem „Invité vum Dag“. An et ginn der och „vun allen Zorten“am Téit Wanderscheidt sengem neie Wierk: en Déierefrënd, e Golfer, e Mannequin, eis Nationalequipe oder e Pafefrësser …
De „Pot Pourri um Krautmaart“huet mir et ganz besonnesch ugedo, esouwuel wat den Text wéi och, wat d’Illustratiounen ugeet – déi sinn iwwregens vum Pit Weyer, deen op eng uspriechend Manéier d’Paschtéitchen nosalzt an nopeffert, wéi den Auteur et ausdréckt.
Eppes steet ganz sécher fest: A senge Gedichter, déi aus dem Liewe gegraff sinn an de Lieser wuel och duerfir zum Nodenken ureegen, hëlt den Téit Wanderscheidt kee Blat virun de Mond. An dat ass richteg esou! Dofir ass d'„Gefëllte PaschTéitchen“gudde Kascht – fir ze schmunzelen a fir nozedenken! T. Wanderscheidt: „Gefëllte PaschTéitchen – Gedichter a Lëtzebuerger Sprooch“, Illustratioune vum Pit Weyer, 86 Säiten, ISBN 978-99959-0-033-5, 15 Euro. A Librairien oder iwwert wandtheo@pt.lu an Tel. 621 194 470 ze bestellen (wann een et wëll per Post kréie, kommen 2 Euro Porto dobäi).