Neit Vertrauen an d'Politik oder d'Kaz am Sak?
Wahlausgang 2013
Dräi Beobachtungen aus de leschten zwou Wochen:
Déi éischt Rei vun der DP, der LSAP an vun Déi Gréng hu méi wéi eng Kéier de Verglach mat de Wahle vun 1974 gemat, fir hiert Zesummegoen ze begrënnen, hunn dem Bierger dobäi keng Kéier gesot, datt deemools d'CSV (mat 18 Sëtz) an der Chamber nëmmen ee Sëtz méi hat ewéi d'LSAP (zweetstäerkste Partei mat 17 Sëtz virun der DP mat 14 Sëtz). 2013 sinn dat ëmmerhin zéng Sëtz méi ewéi bei den zwou Parteien, déi duerno kommen, oder bal duebel esou vill, an dat ass e groussen Ënnerscheed zu 1974. Den DP-President ass virun de Wahlen net midd ginn ze behaapten, datt mat der DP de Wieler keng Kaz am Sak kritt, mee datt d'DP dem Wieler virun de Wahle kloer Bescheed seet, dëst am Zesummenhang mat de Froen, wat d'Spëtzekandidate vun der DP aus dem Zentrum an dem Norden no de Wahle wëlles hätten. Well et elo awer kloer ass, dat d'DP scho virun de Wahlen sech fir eng Dräierkoalitioun entscheed hat, hätt si virun de Wahlen de Wieler dovu missen an d'Bild setzen (d'Kaz aus dem Sak)!
Och sinn, allem Uschäin no, verschidden Aussoe vun der DP am Zesummenhang mat Gespréicher, déi d'CSV der DP no dëse Wahle virgeschloen huet, einfach net richteg, wéi z. B. d'Aussoe vun enger fréierer DP-Ministerin an der Press (LW vum 25.10.2013).
Soll dat de versprachenen neien Ufank sinn? Ass dat schréit Bild, wat déi nei Majoritéit vun der Situatioun no de Wahle moolt, wierklech de Wee, fir dem Bierger dat versprachen neit Vertrauen an d'Politik ze ginn? Et kann een zweiwelen!
Roger Foetz