Luxemburger Wort

Merci, Här Juncker!

-

ma réigelrech­t krepéiert huet, hu se fale gelooss an ënner den Dësch gekiert. Just e puer rosen Honn versichen nach nodréiglec­h u senge Boxebeen ze rappen, fir en definitiv plakeg ze stellen.

Ech géif mer haut awer wëllen erlaben, Iech Här Juncker, e ganz grousse Merci ze soe fir Ären onermiddle­chen a laangen Asaz fir eist Land. Dir hutt et fäerdegbru­echt, deem klengen, aremséileg­e Lëtzebuerg zu enger internatio­nal unerkannte­r Präsenz ze verhëllefe­n.

Ären Numm war eng Garantie fir seriös Aarbecht. An dee gudde Ruff huet dem ganze Land genotzt. Nach ganz kuerz elo huet de Chef vun enger vun de gréisste chinesesch­e Banken zouginn, datt si duerch Iech an den Här Frieden op Lëtzebuerg komm sinn. Vu muenech anere Banke kënnt ee bestëmmt datselwech­t soen.

Am Laf vun all deene Joren hunn ech Iech ni beneit. Wéi dacks hu Der missen a frieme Better schlofen! Wéivill Stonnen hu Der missen diskutéier­en a kämpfe fir déi Lëtzebuerg­er Interessen ze verdeedege­n! Wéivill sténklangw­eileg Reuniounen hu Der dowéinst missen iwwert Iech ergoe loosen! Wéi dack gutt Minn zu béisem Spill maachen! All dat hu Der op Iech geholl, siele gemeckert, an wann dat emol de Fall war, gouf et Iech dann nach vu verschidde­ne Leit als onnëtzt Gegranz ugekreit.

Eng Saach awer huet mer besonnesch un Iech gefall: Dir hutt ni e Sou agestach, deen Iech net zoukomm wier. Dir gehéiert net zu deenen, déi sech seene wa se beim Weihwaasse­schpättche sëtzen. Dat kann ee leider net vun alle Politiker soen! Politesch Korruptiou­n gehéiert an deene meeschte Länner vun der Welt zum Alldag. Wann ech do zum Beispill franséisch Zeitunge liesen, hieft et mer direkt.

Natierlech war Dir, genee wéi all Mënsch, net perfekt. Dir hutt Saachen iwwersinn oder fir net wichteg genuch geholl. Net alles ass ëmmer riicht gelaf, ma wéi seet d'Bibel: „Ween ni eng gestëbst huet, dee soll den éischte Stee puchen.“Ech maachen et net. Anerer hunn et mat Genoss gemaach. Ma wann Der elo, no deem Gemauschel­s, Iech da wierklech mat enger Plaz op der Oppositiou­nsbänk zefridde gëtt, da kann ech nëmmen nach e weidere Bravo! ruffen.

Géif Der Iech awer trotz allem léiwer méi direkt fir Europa asetzen, da wier ech Iech nawell net béis, well dann hätt eist Land internatio­nal nach weiderhin e Mann, dee sech mat vill Geschéck an op eng oneegennët­zeg Aart a Weis fir et géif asetzen.

Raymond Schaack

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg