„Hien ass dach net e Gott vun Doudegen, ma vu Liewegen…“
Die Frohbotschaft – 32. Sonntag im Jahreskreis
Gott hat uns die Hoffnung gegeben, dass er uns wieder auferweckt. Darauf warten wir gern,
wenn wir von Menschenhand sterben. Für dich aber
gibt es keine Auferstehung zum Leben. Lesung
aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Thessalónicher. Brüder! Jesus Christus, unser Herr, und Gott, unser Vater, der uns seine Liebe zugewandt und uns in seiner Gnade ewigen Trost und sichere Hoffnung geschenkt hat, tröste euch und gebe euch Kraft zu jedem guten Werk und Wort. Im Übrigen, Brüder, betet für uns, damit das Wort des Herrn sich ausbreitet und verherrlicht wird,
ebenso wie bei euch. Betet auch darum,
dass wir vor den bösen und schlechten Menschen gerettet werden; denn nicht alle nehmen den Glauben an. Aber der Herr ist treu; er wird euch Kraft geben und euch vor dem Bösen bewahren. Wir vertrauen im Herrn auf euch,
dass ihr jetzt und auch in Zukunft tut, was wir anordnen. Der Herr richte euer Herz darauf, dass ihr Gott liebt, und unbeirrt auf Christus wartet. Evangelium vum 32. Sonndeg am Joreskrees
( Joer C / Lk 20,27- 38) Vun de Sadduzäer,
déi behaapten, et géif keng Operstéiung, sinn der e puer bei de Jesus komm, a si hunn hie gefrot: „Meeschter, de Moses huet äis virgeschriwwen: Wann engem säi Brudder stierft,
deen eng Fra, awer keng Kanner hat, da soll de Brudder déi Fra bei sech huelen a sengem Brudder Nokomme verschafen. Nu waren do siwe Bridder. Deen éischten huet eng Fra bei sech geholl
an ass gestuerwen, ouni Kanner ze hunn. Dunn huet deen zweeten
si bei sech geholl an duerno deen drëtten, a gradesou déi aner bis dee siwenten, an alleguer sinn si gestuerwen, ouni Kanner ze hannerloossen. Zu gudder Lescht ass och d'Fra gestuerwen. Wiem seng Fra gëtt si dann elo bei der Operstéiung? Si haten si jo alle siwe fir Fra!“Du sot de Jesus zu hinnen: „D'Kanner vun dëser Welt bestuede sech,
a si gi bestuet; déi awer, déi et fir wäert fonnt ginn, un där anerer Welt an un der Operstéiung vun den Doudegen deelzehuelen, déi bestueden sech dann net méi,
a si ginn dann och net méi bestuet: Si kënnen da jo och net méi stierwen, well si wéi Engele sinn,
an als Kanner vun der Operstéiung sinn si Kanner vum Herrgott. Datt awer déi Doudeg erwächt ginn,
dat huet och de Moses gewise bei der Därenheck, wéi hien de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob Här genannt huet. Hien ass dach net e Gott vun Doudegen,
ma vu Liewegen, well si all liewe fir hien.“
Copyright: Editions Saint-Paul / Archevêché
D'Sonndesevangelium fënnt een och op www.cathol.lu