E Genoss fir d'Oueren
De „Kids in Concert“war nees e groussen Erfolleg
Éiter. Vill Leit hate sech am Centre culturel afonnt, fir beim „Kids in Concert“2019 dobäizesinn. Wéi gewinnt haten d'Mutferter Musikanner an hir Dirigentin Véronique Feilen zwou Gaaschtmuseken agelueden. Dës Kéier waren et d'JonkLënster Musik an d'Harmonie des Jeunes Prince Guillaume vun Déifferdeng.
Déi dräi Ensembelen hunn et verstanen, mat hire jeeweilege Programmer flott a bekannt Melodien hirem interesséierte Publikum ze presentéieren. Ob modern Melodië wéi „Rolling in the Deep“an „Despacito“oder Filmusik wéi „Circle of Life“, „Highlights from La La Land“oder och méi klassesch Wierker wéi „The Klezmer Karnival“– fir all Goût war eppes dobäi a sou verwonnert et net, datt déi jonk Museker mat begeeschtertem Luxemburger Wort Dienstag, den 5. März 2019 für den Chor. Die vorbildliche Arbeit der beiden Archivarinnen Netty Linden und Nadine Tani wurde lobend erwähnt. Abschließend wies sie darauf hin, dass die Feierlichkeiten zum 100. Geburtstag der „Chantres“im Jahr 2021 ihre Schatten vorauswerfen. Zum Abschluss teilte die Präsidentin erfreut mit, dass zwei neue Sänger dem Chor beigetreten sind. Maria Tani wurde als neues Mitglied im Vorstand begrüßt, so dass sich dieser wie folgt zusammensetzt: Präsidentin und Sekretärin: Romaine Schmit; Dirigentin und Vizepräsidentin: Pascale Philippy; Kassierer: Mike Schanet; beisitzende Mitglieder: Odette Leider, Francy Oehmen. Christiane Schanet, Maria Tani und Mariette Welter Applaus fir hir Leeschtung belount goufen.
Virun allem den Optrëtt vun den dräi Ensembelen zesummen ënnert der Leedung vun den dräi Dirigenten huet de Publikum matgerappt an ass mat Begeeschterung opgeholl ginn an de Publikum huet no enger Zugab verlaangt. Dëse Concert huet op en Neits gewisen, wat jonk a motivéiert Museker alles kënnen zustane bréngen an datt si stolz kënne sinn, hirem Publikum sou gutt an ënnerhalsam Concerten ze bidden. De Galaconcert ass de 4. Mee um 20 Auer am Centre culturel zu Mutfert, wou d'Mutferter Musikanner an d'Harmonie MoutfortMedingen op der Bühn wäerte stoen.