Haydn meets Sting
D’Chorale municipale Sängerbond geet nei Weeër
Dikrech. Vun de Chansons françaises bis hin zum Gospel konnt d'Chorale municipale Sängerbond hiren treie Public begeeschteren. 2018 sollt ganz am Zeeche vu Bécaud, Piaf an Trenet stoen an de Sängerbond Dikrech, zesumme mat den Dikrecher Solschlësselcher, huet leschten 30. Juni am ale Kolléisch an de 7. Juli zu Éiter zwee flott Concerte presentéiert. No dem Spaass, deen d'Sänger mat dësem flotte Programm haten, huet de musikalesche Leeder Andy Loor decidéiert, sech ab Hierscht un ee Gospel-Programm erunzetrauen. De Public huet dem Dirigent recht ginn, an zesumme mam Sängerbond Helvetia vun Tandel, dem Ensemble vocal Eurocantica, enger Combo an zwee Solisten, konnt den 8. Februar um Lampertsbierg an de 9. Februar zu Dikrech, virun insgesamt 500 Leit, ee musikalescht Feierwierk opgefouert ginn.
D'Christiane Staudt an de Guy Sutor hunn an der Generalversammlung hir Demissioun als Member vum Comité agereecht a keng nei Kandidatur gestallt. Op där anerer Säit koum awer eng nei Verstäerkung dobäi. D'Joëlle Muller gouf mat der Majoritéit vun de Stëmmen an de Comité gewielt, deen sech elo no där 168. Generalversammlung wéi folgt zesumme setzt: Manfred Logeling, President, Mady Bertemes, Vizepresident, Karin Jacobs-Flammann, Tresorier, Monique Glod, Sekretärin, Marguy ToussaintLorentz, Romy Liefgen a Joëlle Muller, Memberen. Op dem Banquet beim traditionelle „Kuddelfléck à la diekirchoise” huet de Raymond Peters, Vizepresident vum Conseil d'administration vun der UGDA, zesumme mam President folgend Membere fir hire laangjäregen Asaaz am Chouer geéiert: Fanny Laugs-Borschette, Insigne fir 5 Joer; Romy Liefgen, Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer; Juliette Merckes-Blum a Charel Werdel, Médaille de mérite en vermeil fir 30 Joer an Christiane Bachstein-Goebel, Médaille de mérite en vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer.
D'Christiane Christiane Bachstein-Goebel, d'Elsbeth Wilhelm an de Jean Bour hunn 2018 decidéiert, hir Demissioun als aktiv Memberen ze ginn, a di dräi krute vum Veräin d'Éiermemberschaft op Liewenszäit. De Chouer geet nei a modern Weeër, an esou ass d'Iddi entstan, e Concert ze preparéieren, deen d'Klassik mat deem Moderne verbënnt.
Den 21. Juni an der aler Kierch zu Dikrech, duerf sech de Public freeën op flott Auszich vu „Fréijoer“a „Summer“aus de Joreszäite vum Haydn souwéi Lidder vu Sting, Gershwin a Berlin. De Chouer gëtt ënnerstëtzt vun engem Sträichquartett an dräi Solisten. Fir op all déi flott Aktivitéiten opmierksam ze maachen, setzt de Veräin an Zukunft och méi op di sozial Medien. Et duerf een also gespaant sinn op déi Saisonen, déi kommen, well di nächst flott Projete si well am Plang. C.