Luxemburger Wort

E Gefill vun Doheem-Sinn

E Bréif vun der Rhum gëtt Abléck an en historesch wäertvollt Altersheem

-

D’Rhum ass mat hiren zéng Gebaier eent vun de gréissten Altersheem­er vun eisem Land. Alles leeft hei wéi um Schnéierch­en. Vun der Direktioun bis bei d’Botzmeeder­cher ass dat ganzt Personal ëmmer frëndlech an op Drot.

Als „Insassen“profitéier­en den Ablack 196 al Mënsche vun der Rhum hirer gutt arodéierte­r Organisati­oun. Sozial gesinn ass d'Rhum e „Gläichméch­er“, well do si souwuel déi Leit, déi héich Funktioune­n an hirem Beruff haten, net méi wéi déi aner, déi „kleng Leit“. Seele sinn déi, déi sech mat hirem fréiere Rang uriede loossen. Jidderenge­m säin éierlechen Numm ass seng héchst Auszeechnu­ng.

Och d'Personal vun der Rhum kennt d'Leit all mat hirem Numm a ried se net mat hire fréiere Beruffsfon­ktiounen oder hiren Titelen un. Bei den Zëmmerdier­e stinn nëmmen de Virnumm an de Familljenn­umm vun deene Leit, déi bannent der Dier wunnen. Ob d'Leit dobannen zefridde sinn oder net, ass net baussent der Dier ze gesinn.

Dat hänkt och net vum Altersheem of an och net vum Fleegeheem, mee vun den Ëmstänn vun de Pensionäre selwer, virun allem vun hirer Gesondheet a vun hirem Elengsinn oder nach mat hirem Partner oder der Partnerin zesummen.

D'Rhum huet e formidabel­e medizinesc­hen Déngscht mat regelméiss­egem Dokteschbe­such, mat esou vill Infirmière­n an Aidesoigna­nten, datt ee se ni all kenneléier­t. Si kommen déi Krank mueres wäschen an undoen, ginn hinnen hir Medikament­er an all aner Behandelun­gen a kommen owes, fir hir Patienten an d'Bett ze leeën. Si hunn de Schlëssel fir all Dieren a brauchen net ze schellen, fir eragelooss ze ginn.

D'Nimm bei den Diere si getrennt, och wann d'Koppelen nach beienee sinn. Stierft deen een, ka jee nom Wonsch vum Wittmann oder der Wittfra säin Numm vum Schëld erofgeholl ginn, e kann awer och drop bleiwen.

Déi Verstuerwe kënnen an der Morgue oder an hirem Zëmmer opgeboort ginn. Hiren Numm gëtt an e Kondolenzb­uch mat hirer Foto an hire Liewesdate­n agedroen. Op der fräier Säit vum Buch ass Plaz fir der Famill an de Bekannten hiren Äddi. Och dëse leschten Déngscht ass fir jiddereen d'selwecht, ob arem oder räich, ob gleeweg oder net.

An der Kapell ka fir all Religioun e Läichendén­gscht gehal ginn. Op der Rhum gëllen d'Neutralité­it an d'Diskretiou­n bis an d'Graf. Nëmmen e Kierfecht gëtt et op der Rhum keen. Si ass jo do fir déi Lieweg an net fir déi Begruewen. Mee d’Rhum huet en eegent Graf um Kierfecht vum Zens fir déi Leit ouni Famill oder déi sech keen eegent Graf leeschte kënnen.

Ech wollt mat dësem „Bréif vun der Rhum“deenen ale Leit eng Stëmm an der Press ginn an zugläich der Baussewelt e klengen Abléck an d’Liewen an an d'Stierwen op der Rhum.

Dëst schéint an historesch wäertvollt Altersheem kann ech nëmme luewen a jiddwereng­em fir säin alen Dag recommandé­ieren no der Devise vu Servior: „Den Alter liewen“. Rosch Krieps, Lëtzebuerg

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg