Klischeeën, Muppen a gelunge Leit
Um Fest vun der Natur op der Kockelscheier war ech frou, wou d'kanner wollten op d'spillplaz niewendru goen. Ech war no relativ kuerzer Zäit a menge Virurteeler bestätegt. Wann och d'fest selwer zimlech breet opgestallt war an Atelieren gebueden huet, déi ënner anerem vun de Jeeër (!) iwwer d'bio-landwirtschaft bis hin zu Beien- a Schofszuucht gaange sinn, sou war de Public awer, soe mir mol, zimlech eesäiteg. Dir laacht elo vläicht, mee selwer gebitzte Kleeder – souguer eng Zort Jupe am psychedelesche Mosaikdesign fir Männer war do um liewegen Objet ze bestaunen – , Wëllestrëmp, déi obligatoresch Sandalen, Hitt
Virurteeler mat Humor huelen!
aus Kork a Segelduchsposchen louche voll am Trend. Et kann een alles iwwerdreiwen, duecht ech an hunn iwwer dem Erausgoen awer den eegenen Ëmgang mat der Ëmwelt gedanklech op dee Leescht geholl. Mir trennen den Offall, mir kafe kaum am Plastik agepaakte Liewensmëttel a mir hunn ewell Glasfläschen. Maja, sot ech mir dunn, et gëtt jo nach eng Welt dertëschtent, tëscht der veganer Ënnerwäsch aus Kork an der am Plastiksdëppchen agepaakte geschielten Orange. Nach a Gedanken, d'kanner waren entretemps virgelaf, ass mer opgefall, datt vill Leit mat Hënn op der Spillplaz waren. D'muppe waren all un der Léngt, mee ech si wuel onbewosst ze no laanscht ee gaang. De Béischt ass opgesprong, huet ewéi wëll gebillt a gerappt, d'meeschtesch hat hir léif Méi, fir de Vrecki meeschter ze ginn. Ech hu mer déi jonk Damm ugekuckt, an, jo, si war genau sou ugedon, wéi Dir Iech et elo virstellt. Ech hu misse grinsen, war dunn awer zimlech perplex, wou si mam Mupp gejaut huet: „Komm elo, dat ass net däi Mënsch!“– Däi Mënsch? Et soll ee jo keng Virurteeler hunn (sic!) an d'leit net no hire Gewunnechten oder hirem Ausgesinn jugéieren (sic!), mee just als „Mënsch“war ech bis elo nach net betitelt ginn ... Claude