Samschdeg
Bartringen: Tedeum D'membere vun der Pastoralequipe a vun der Kierchefabrik vu Bartreng invitéieren häerzlech op den Te Deum zum Nationalfeierdag. Um 18 Auer ass eng Virowendmass an duerno den Te Deum, dee vun der Chorale Ste-cécile gesonge gëtt. D'veräinsfändele stelle sech am Chouer op. – Verëffentlecht vum Guy Weirich op mywort.lu Bourscheid: Exposition Les Amis du Château de Bourscheid ont le plaisir de vous inviter à l'exposition ODE de Margot Reding-schroeder. Les oeuvres sont exposées du 29 mai au 24 juin 2019 au Château de Bourscheid. L'artiste est présente du samedi au dimanche de 14 à 17 heures. – Publié par Amice Enders sur mywort.lu Folscheid: Nationalfeierdag D'feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag ginn zu Foulscht um 19.30 Auer mat engem Cortège lass, dee bis an d'kierch op den Te Deum geet. Dee gesonge gëtt vun der Foulschter Gesank an hire Sängerfrënn aus der Gemeng Rammerech. Duerno gi Blummen um Monument aux morts niddergeluecht. Vun do aus geet de Cortège erëm zeréck an de Centre culturel, wou de Buergermeeschter Toni Rodesch eng Usprooch hält. No engem Concert vun der Foulschter Musik kann nach bis 1 Auer weider geféiert ginn. – Verëffentlecht vum Eric Heimermann op mywort.lu Niederkerschen: Virowend Nationalfeierdag Vun 18 Auer u gëtt um Virowend vun Nationalfeierdag zu Käerjeng op der Claus Cito Plaz erëm richteg gefeiert! No dem offiziellen Akt sti vun 20 Auer un verschidde Museksgruppen an Dj'en um Programm. Et gëtt och Animatioun fir Grouss a Kleng gebueden an Iess- a Gedrénksstänn vun de lokale Veräiner. Gratis Navettë féieren Iech hin an hier. – Verëffentlecht vun der Gemeng Käerjeng op mywort.lu Schifflingen: Schëfflenger Fest Dat alljäerlecht Schëfflenger Fest fënnt dëst Joer den 21. an 22. Juni statt. Freides geet et um 17 Auer lass mat engem Concert vun der Louisiana Dixie Band, duerno spillen nach d'schëfflenger Musek, Go By Brooks, Dream Catcher an um 23.45 Auer Timeless. Samschdes geet et um 12 Auer erëm lass mat verschiddenen Optrëtter a Musek bis an Nuecht eran. Fir eng gutt Ambiance, Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt! – Verëffentlecht vun der Gemeng Schëffleng op mywort.lu Strassen: Nationalfeierdag De Schäfferot vun der Gemeng Stroossen luet Iech op d'offiziell Feierlechkeete vum Nationalfeierdag an. Lass geet et um 18.55 mam Cortège, dann den Te Deum bis um 19.30 Auer déi offiziell Feierlechkeete vum Nationalfeierdag ufänken. – Verëffentlecht vun Culture Et Relations Publiques Commune De Strassen op mywort.lu