Eng ganz besonnesch Geschichtsstonn
Grondschüler vum Cents schwätze mam Rosch Krieps iwwer Lëtzebuerg am Krich
Lëtzbuerg. Um 75. Joresdag vum D-day konnten d'bewunner aus dem Servior-haus „Op der Rhum“zesumme mat 31 Schüler aus der Centser Grondschoul eng ganz besonnesch Geschichtsstonn erliewen.
De fréiere Journalist Rosch Krieps, Joergank 1926, huet seng Erënnerungen an Erfahrungen als Jugendlechen am Zweete Weltkrich mat engem interesséierte Public gedeelt, dee sech an der Jugendherberg am Pafendall extra fir déi Seance afonnt hat. De Rosch Krieps, deen zesumme mat senger Fra op der Rhum wunnt, huet verschidden Episoden aus sengem Buch „Denkwürdigkeiten eines bewegten Journalistenlebens“virgelies a sech de Froe vun den 12-järege Schüler aus dem Zyklus 4.2. gestallt. Zesumme mat hirem Léierpersonal haten d'kanner pertinent Froe preparéiert, déi den Här an d’madame Krieps befligelt hunn, fir hir Alldagserfarungen an Ängschten aus de Joren 1940-45 an déi Geschichtsstonn eranzekomplimentéieren. De Rosch Krieps huet z. B. erzielt, wéi hien als Schüler am Kolléisch gesinn huet, wéi d'nazi d'gëlle-fra-statue vum Sockel geholl hunn a wéi hien revoltéiert war, wéi e Professer op Groussherzoginsgebuertsdag den Hitlergrouss an der Klass gesot huet. Zesumme mat senger Fra huet de Rosch Krieps e formidablen Témoignage iwwert déi Zäit ofginn, wéi Lëtzebuerg „ de facto “vun Nazi-däitschland annexéiert gouf. No der Liesung koumen d’schüler an d'bewunner vum Servior-haus „ Op der Rhum“spontan an d'gespréich an d'kanner haten nach en etlech Froen un déi eeler Semester. D'bewunner vun der Rhum hunn den Austausch appreciéiert a sech gewënscht, déi jonk Frënn méi oft op Besuch ze hunn.
No der Liesung huet de Rosch Krieps d'zesummenaarbecht mat den Centser Schoulkanner als „ grousse Glécksfall“bezeechent a sot: „Mir fillen eis a Gesellschaft mat Jonken erëm selwer jonk a komme gutt mat hinnen zuwee. Dofir ass et mir och net schwéier gefall, op hir sëlleche Froen ze äntwerten. Well ech mat 14 Joer den däitschen Iwwerfall erlieft hat, wollt ech derzou bäidroen, datt esou e Misär deene Jonke vun haut erspuert bleift. Ech hu meng Liesung mat Freed ënnerbrach, wéi ech gesouch, datt si Säiten iwwer Säite voll Froen op Lager haten. Nodeems ech den Debat lancéiert hat, ass et mir net schwéier gefall, hinnen d'wuert ze loossen. Hire Schoulmeeschter, den Här Joe Wirtz, huet sech diskret am Hannergrond gehalen, mee hien hat se esou gutt gebrieft, datt hie se roueg konnt alleng virufuere loossen “. Servior Den Alter liewen via mywort.lu