De Ruff vu Gott héieren
Primiz vum Geeschtlechen Yves Olinger zu Bouneweg
Lëtzebuerg. Den 2. Mee huet den Yves Olinger an der Kierch zu Bouneweg seng éischt Mass gehalen. Um Ufank vun der Mass huet d'jij Linster de Primiziant begréisst an ass kuerz op säi Liewenslaf agaangen.
Den Yves Olinger huet eng Ausbildung als Schoulmeeschter gemaach. Duerno huet hien eng Rei Joren zu Bouneweg Schoul gehalen. Hien huet de Ruff vu Gott héieren an huet sech entscheet, als Geeschtleche Christus nozefollegen. Seng Formatioun huet hien zu Paräis an zu Boston gemaach. Hien huet eng Réi Stagë gemaach a war als Diakon an der Par Wooltz Saints-pierre-et-paul.
Eng ganz Réi Geeschtlech waren do fir mam Yves Olinger seng éischt Mass ze feieren. All Gemeinschafte vu Bouneweg hu sech un der Gestaltung vun der Mass bedeelegt: d'chorale Ste-cécile, ënnert der Leedung vum Laurent Willkomm a mam Grégoire Baumberger op der Uergel, de Jugendchouer „Joyful“zesumme mam Antonio Capurso, an d'chorale vun der portugisescher Gemeinschaft. A senger Priedegt huet de Pater Josy Birsens SJ betount, dass de Geeschtlechen ëmmer e Mënsch bleift, an dass vun him net ze vill däerf erwaart ginn. No der Mass war eng Receptioun am Centre culturel, wou de Raymond Bausch, President vun der Kierchefabrik, dem Primiziant all Guddes gewënscht huet.
Den Yves Olinger huet a sengem Schlusswuert all deene Merci gesot, déi hien op sengem Wee begleet huet.
Pierre Heuschling via mywort.lu