Ënner neier Leedung
Presidentewiessel beim Dëschtennisveräin
Lëntgen. Den Dëschtennis Minerva huet während der Generalversammlung op eng aktiv an erfollegräich Saison zréckgekuckt. De Sekretär Théo Weiler huet d'resultater vun de siwen Equippen am Seniors-championnat an de 14 Jugendequippe virgestallt, woubäi hien ausdrécklech de Championstitel vun der Cadets-equipe a vill individuell Leeschtungen ernimmt huet.
Ënner den Organisatiounen am Laf vu der Saison huet hien d'theaterowenter, den individuellen Tournoi Grand Prix Pit Neuens an den Thé Dansant ervirgehuewen. De Romain Sahr ass fir 50 Joer am Veräin, dovun eleng e Véierelsjoerhonnert als Spiller, awer och als Veräinsdirigent geéiert ginn. D'chantal Schosseler-lafleur, de Claude Kayser, de Claude Weiler an de Philippe Moulin sinn och fir laangjäreg Trei zum Veräi belount ginn. Nodeem den Dan Theisen all seng Mercien ausgeschwat hat, huet hien en emouvante Réckbléck op seng 21 Joer als President gemaach a bedauert, datt et him net méi méiglech ass, weider am Comité ze bleiwen. Hie konnt awer mat Satisfaktioun matdeelen, datt sech mam Bob Grun e motivéierte Kandidat als Nofolger fonnt huet. De Keeserapport vum Olivier Ney ass op Propositioun vun de Reviseure Georges Freylinger a Jeannot Schmit eestëmmeg guttgeheescht ginn, grad ewéi och d'aktivitéitsrapporte vum Comité. De Buergermeeschter Henri Wurth huet dem Veräin zu deene villen Aktivitéiten, besonnesch bei der Jugendaarbecht gratuléiert a weiderhin d'ënnerstëtzung vun der Gemeng zougesot.
No de Comitéswahlen, wou ausser dem neie President de Sekretär Théo Weiler, den Tresorier Olivier Ney an d'membere Jos Consbruck, Jeff Fantin, Daniel Foeteler, Patrick Lafleur, Kalong Lam, Magali Margue, Léon Moulin, Philippe Moulin, Raoul Schmitz a Vic Weiler confirméiert gi sinn, huet de Bob Grun proposéiert, fir den Dan Theisen zum Éierepresident ze ernennen, wat mat vill Applaus vun der Generalversammlung ugeholl ginn ass.
Paul Derkum via mywort.lu