90 Käerze fir d'margot Reeff-faltz
Ierpeldeng. Kierzlech huet Margot Reeff-faltz vun Ierpeldeng un der Sauer hir 90 Joer am Krees gefeiert. Och de Buergermeeschter Claude Gleis a seng zwee Schäffe souwéi Vertrieder vum Syndicat d’initiative hunn hir Gléckwënsch iwwerbruecht. D'margot ass de 25. Mäerz 1929 zu Ierpeldeng op d’welt koum, wou si um Bauerenhaff als jéngst vu véier Kanner mat den Elteren Albert a Beby Faltz-lux hir Kandheet a Jugend verbruecht huet. Hiren eelste Brudder, den Nicolas, gouf zwangsrekrutéiert. Hien ass leider net méi aus dem Krich erëmkoum, wat fir déi ganz Famill ee grousst Leed war. Dem Margot seng zwee aner Geschwëster Ferd an Hélène sinn 2007 an 2018 verstuerwen. No hirer Primärschoul zu Ierpeldeng ass si während an nom Krich op Ettelbréck an d'haushaltungsschoul gaangen an huet duerno doheem am Bauerebetrib mat geschafft. Am Juli 1954 huet si sech mam Ierpeldenger Schoulmeeschter Pierre Reeff bestuet. Si kruten zwee Kanner, den Albert an d'pia. Si war zäitliewens Hausfra, Mamm a Bomi. Hir Hobbye waren am Gaart schaffen an hire Mann a senge villen Aktivitéiten (Organist, Dirigent, Sekretär a President vum FC 72) a bei der Juegd ze ënnerstëtzen. Hire Mann ass leider ze fréi am Juni 1995 gestuerwen. Dem Margot säi grousse Stolz sinn déi véier erwuessen Enkelkanner an hiren Urenkel. Bei relativ gudder Gesondheet verbréngt d'jubilarin hire Liewensowend doheem, mat Hëllef vun enger ganz léiwer Begleetpersoun. Am aller frousten awer ass si, wann si Besuch kritt vun hire Kanner a Kandskanner. Commune d'erpeldange via mywort.lu