In memoriam Prof. André Lesch
Den André Lesch ass de 7. Mee, am Alter vun 89 Joer, no längerer Krankheet, heemgeruff ginn. Gebuer den 20. Juli 1929 zu Iechternach, hat hie seng Kandheet zu Diddeleng verbruecht, zesumme mat sengen Eltere Guillaume an Hélène Lesch-bollendorf a sengem Brudder Georges. Nom Kolléisch an der Stad ass hien als Priisterstudent op Roum geschéckt ginn, fir do, am Germanicum an op der Gregoriana, forméiert ze ginn, vun 1948 bis 1957. Den 10. Oktober 1954 gouf hien zu Roum Priister geweit.
No engem Joer Koadjutor am Konvikt an der Stad gouf den André Lesch Kaploun an der Kathedral vun 1958 bis 1962, an du Professer am Seminaire vun 1962 bis 2009, also 47 Joer laang (!), praktesch en halleft Joerhonnert, bis zu sengem 80. Gebuertsdag. Hie war wierklech e Stéck Seminaire! Fir d'éischt huet e Fundamentaltheologie dozéiert, durno Dogmatik an tëschenduerch och Homiletik. E war Professer duerch an duerch, reng, subtil an differenzéiert, bis a seng „forma mentis“eran. Den André Lesch war en „Doctor subtilis“. Hien hat Sënn fir Hannergrënn an Zesummenhäng. Bis an den héijen Alter huet hie vill geliest a war beliesen, souwuel kënneg an der Traditioun wéi och um leschte Stand vun der theologescher Entwécklung: e „Faass vu Wëssen“, wat sech och ëmmer nees gär huet unzape loossen.
Den Dag, wou den André Lesch zu Iechternach begruewe ginn ass, Samschdes, den 11. Mee, ass an der Stad d’oktav ugaangen. Hien hat eng kloer Vue, wat fir eng kierchebildend Funktioun eis Oktav hat an huet. De Muttergotteskult huet d’lëtzebuerger esou enk zesummegeschweesst, datt se sech als eeneg Lokalkierch emfonnt hunn, laang ier d’diözes 1870 gegrënnt ginn ass. Den A. Lesch wosst dat Marianescht an der Kierch richteg anzeuerdnen.
Wann een hie fir eng Weiderbildung oder soss eppes gefrot huet, huet hien ëmmer sofort Jo gesot a sech ganz grëndlech an opwendeg preparéiert. Als Professer a Kolleg war hien devouéiert an hëllefsbereet. Dobäi ass hie bescheide bliwwen an huet ni déck opgetrompt.
Fir d’seminaristen an d’studente vum Katecheteschen Institut hat hien eppes vun enger Pappefigur, durno Grousspappfigur. D‘seminaristen hu säi Galgenhumouer geschätzt, hien hat ëmmer eng parat, munchmol e bësse skurril a jiddefalls originell, begleet vu sengem enigmatesche Schmunzelen oder groussen Aen, déi hie gemat huet – impressionnant!
Hie war duerch an duerch kierchlech, wat e gudde Schotz Kierchekritik je nodeem mat abegraff huet.
Als Geeschtlechen huet hien sech zudéifst emfonnt an déi Dimensioun gelieft, duerchlieft, och duerchlidden, duerchgebiet. Hie war priisterlech, awer net klerikal. Seng Spiritualitéit huet gegrënnt an deeër vum Charles de Foucauld: d’christusnofolleg an der Zréckgezugenheet, der Intimitéit an der Negatioun vum verstoppte Liewen zu Nazareth. Déi Spiritualitéit huet hie mat e pur Confrèren an engem klengen Zirkel, mat senge „klenge Bridder“, wéi e gesot huet, gefleegt.
Als de facto Administrator vun der Clausener Por an de Joren 1995 bis 2011 huet hien och Freed a Leed vum Paschtouer kannt a gedeelt. Regelméisseg souz hie samschdes mueres an der Krypta vun der Kathedral Beicht.
Hien hat Sënn fir dat rekreativt Zesummesi mat Confrèren an huet et gefleegt, mat eenzelene vun hinnen ausgiebeg Kaffi ze drénken um éischte Stack, am klenge Refectoire vum Seminaire, an dobäi d’aktualitéit ze kommentéieren. Hie war kommunikativ an huet gär diskutéiert. Den André Lesch hat eng ganz mënschlech Oder, konnt awer och emol, wann néideg, méi rau reagéieren an dertëschent fueren.
Säin Engagement bei de Schwësteren. Seng Primiz hat den Här Lesch bei de Lëtzebuerger Franziskanerinnen zu Roum den 11. Oktober 1954 gefeiert. Als Professer huet e regelméisseg d’mass bei de Schwësteren vun der hl. Elisabeth am Seminaire gehalen, awer och um Belair bei de Franziskanerinnen, an dat joerzéngtelaang. An och an deene leschte Joeren, déi hien am HIPPA Sacré-coeur do verbréngt, huet hie regelméisseg, bal bis zum Schluss, d’eucharistie kënne feieren – wuel ëmsuergt vun de Franziskanerschwësteren, grad a senger allerleschter Liewensphas, wou et him net méi gutt gung.
Den André Lesch hat 1957 seng Thes zu Roum iwwer d’gleichnis vum Wäistack, Kap. 15 vum Johannesevangelium, geschriwwen: „Der wahre Weinstock. Die theologische Deutung und Auswertung der Rede Jesu vom wahren Weinstock in der frühchristlichen Literatur“. Dobäi huet hie besonnesch de Saz fokusséiert: „Ouni mech kënnt der näischt maachen.“(Joh 15, 5). Eng Dokterthes ass och ëmmer irgendwéi e Liewenswierk a seet eppes iwwert den Auteur aus. Zentral bei sengem Thema sinn dës Säz: „Ich bin der Weinstock, ihr seid die Reben.“An: „Wer in mir bleibt und ich in ihm, der bringt reiche Frucht.“(Joh 15, 5). Mat Jesus Christus verbonne sinn ass vital – wonnerbar durgestallt am Wäistack mat de Riewen. Et goung him ëm déi liewensnoutwendeg Verbindung mat Christus. Déi bewierkt Eenheet, an esou funktionéiert Nofolleg. An Nofolleg ass näischt anescht, ewéi ëmmer nei ze probéieren, d’eenheet mat Christus konkret ze liewen an doduerch fruchtbar ze ginn. Am selwechten Duktus gëtt op de Schlëssel higewisen, deen dëst bewierkt: d’kräiz! „Jede Rebe, die Frucht bringt, reinigt er, damit sie mehr Frucht bringt.“(Joh 15, 2). A weess Gott, dass den André Lesch och um Liewe gelidden huet.
Léiwen Änder! Elo bass Du ganz mat Christus vereenegt, fir ëmmer.
Den André Lesch war en „Doctor subtilis“.
Georges Hellinghausen, Professeur au Grand Séminaire/lsrs, Lëtzebuerg