D'kanner motivéieren fir ze liesen
13 Liesgrousseltere sinn am Schoulalldag aktiv
Schëffleng. Dëser Deeg goufen déi 13 Liesgrousselteren, déi während dësem ganze Schouljoer enger Dosen Enseignanten aus alle Cyclen an hire Schoulkanner zur Säit stoungen, am Club Haus Beim Kiosk geéiert.
E grousse Merci goung awer och un d'evelyne Roth aus der Lydieschmit-schoul an hir ganz Equipe, déi de Projet ausgeschafft a mat der Zäit ausgebaut hunn. Et ass elo déi drëtte Kéier, datt dës Iddi ugebuede gëtt. Eemol an der Woch hunn d'lies-bomien an och ee Lies-bopi sech fir ronn eng Stonn zwee bis dräi Kanner aus deene jeeweilege Klassen erausgepickt fir mat hinnen zesummen an engem rouegen Eck Bicher ze liesen. Aus dësen Treffe si richteg Frëndschaften entstanen, an d'kanner sinn an hire Kompetenzen an hirer Motivatioun fir ze liese gestäerkt ginn. Di eeler Leit sinn eng wichteg Ressource fir di Jonk. Si vermëttele Freed um Liesen an hu genuch Zäit a Gedold fir d'kanner.
Awer och fir d'enseignante sinn d'liesgrousselteren eng wäertvoll Quell. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat e puer Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schoulservice, d'enseignanten an d'senioren hunn op deem ganz waarmen Dag gemierkt, wéi schéin dës Zesummenaarbecht ass a si freeën sech, dass dës Geschicht an deem nächste Schouljoer weidergezielt wäert ginn.
„Das Wichtigste ist, dass Kinder Bücher lesen, dass ein Kind mit seinem Buch allein sein kann. Dagegen sind Film, Fernsehen und Video eine oberflächliche Erscheinung“, dëst Zitat vum Astrid Lindgren gouf an deem Kader vum Paul Weimerskirch opgegraff. Gemeng Schëffleng
via mywort.lu