Hommage un de Grand-duc Jean
Fëschbech. Dëser Deeg war zu Fëschbech e Concert vun der Kultur- a Veräinskommissioun organiséiert ginn. D'christiane Dennemeyer op der Querflütt an de Roger Goodwyn op der Uergel hunn de Public verzaubert. De Roger Goodwyn hat och de Marsch vun den Irish Guards als Hommage un de Grand-duc Jean am Programm. Als Ofschloss huet d'gemeng op e Patt invitéiert an de Museker e klenge Merci iwwerreecht. Luss Brosius via mywort.lu