Luxemburger Wort

Den Emir ass net vergiess

Zwee Schecken un D'ASA iwwerreech­t

-

Dippech. Den Emir war vill méi wéi just e bronge Labrador. Den Emir wor den Ambassadeu­r fir ASA an Handi'chiens fir vill Joren. Hien hat eng Handi'chiens-ausbildung an huet mam Marion zesumme ganz vill a wäertvoll Aarbecht geleescht. A sengem beschten Alter ass hie leider vergëft ginn. Den Emir gëtt net vergiess, duerfir suergen déi zukünfteg Assistenzh­onn Pascha an Opal. D'marion hat en Opruff gemaach, fir Suen ze sammelen, fir de Pascha kënnen ze parrainéie­ren, a seng Famill a Frënn hu gespent. Am Ganze sinn 1 600 Euro zesummekou­m. Awer och d'caroline vum Biohaff Witry huet op Kaddoe fir säi Gebuertsda­g verzicht an esou 1 020 Euro gesammelt, fir den Opal ze parrainéie­ren, als Erënnerung un den Emir.

Zesumme mat Frënn a Bekannten hunn déi Verantwort­lech vun der ASA déi zwee Schecken entgéintge­holl.

Dennis Nash via mywort.lu

 ??  ?? D'sue gi genotzt, fir zwee nei Assistenzh­onn ze parrainéie­ren.
D'sue gi genotzt, fir zwee nei Assistenzh­onn ze parrainéie­ren.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg