Zwee Mol 6 000 Euro, fir ze hëllefen
D'par Mamerdall St-christophe spent un Sourire en Haïti an Île aux clowns
Mamer. D'aarbechtsjoer an der Par Mamerdall St-christophe gouf mat enger grousser Open-air-familljemass ofgeschloss.
Uschléissend war wéi ëmmer e flott Grillfest, wat de Startschoss ginn huet fir d'sozialaktioun vum nächsten Aarbechtsjoer. A fir d'sozialaktioun vun dësem Joer ofzeschléissen, goufen zwee Schecken iwwerreecht. Jee 6 000 Euro kruuten d'vereenegungen Sourire en Haïti an Île aux clowns.
D'sue goufen am Laf vum ganze Joer mat verschiddenen Aktioune gesammelt. Grouss a Kleng hunn an der Par dozou bäigedroen, datt dës Zomm zesummekomm ass. E ganz besonnesche Merci ass awer un d'sr. Modesta vun den Elisabetherinne gaangen. Si huet den Erléis vun hirem Floumaartverkaf och fir dës Saach gespent a mat 3 000 Euro wesentlech zum Erfolleg vun der Aktioun bäigedroen.
Nicole Knoch via mywort.lu