D'soft Gym ronderëm Bonn ënnerwee
Beetebuerg. Fir déi fënnefte Kéier schonns huet de Grupp vum Sport Loisir Beetebuerg/leideleng sech op e kulturelle Wee gemaach. Thema dëst Joer war „Op de Spure vum Beethoven“zu Bonn. No dem musikaleschen Trëppeltour ass et weider mat engem Schëff de Rhäin erof gaange bis bei déi kleng Stiedche Linz. Den Dag drop stoung moies eng Wanderung duerch Wäibierger vun Altenahr op Mayschoss, an dono eng Visitt vun der Wënzergenossenschaft um Programm. Nomëttes war e Stopp an der klenger Stiedchen Ahrweiler. Zefridde goung et dono heem. An de Summerméint mécht desoft-gym-grupp eng Paus, fir erëm Mëtt September an déi nei Saison ze starten. Wee Loscht huet an enger super Atmosphär Sport ze maachen, ka sech op der Internetsäit www.an-der-schwemm.lu informéieren. Mariette Hoerold via mywort.lu