Mam Verkaf vu Käerze Sue gesammelt
D'kommiounskanner ënnerstëtzen de Sozialprojet vun der Par
Monnerech. Dëst Joer hunn am Kader vun hirer Kommunioun d'kommiounskanner aus der Par Notre-dame de l'evangile Monnerech, Schëffleng, Steebrécken Suen zugonschte vum Sozialprojet Sumedco gesammelt. Sumedco ass eng Hëllefsorganisatioun an der Republik Kongo, déi medezineschen an technesche Support bereetstellt an déi säit Jore vun der Par gestäipt gëtt. D'sue sinn zesummekomm duerch de Verkaf vu Käerzen. Wärend der Virbereedung op d'kommunioun ass mat de Kanner iwwert Solidaritéit an Hëllef fir Mënschen an Nout a Leed geschwat ginn. Den Don vun 1 000 Euro ass eng wichteg Ënnerstëtzung fir dëse Sozialprojet.
Ruffato Dino via mywort.lu