Diplomer fir déi nei Secouristen
Schëffleng. Trotz ganz summerlechen Temperature sinn dëser Deeg déi nei Secouristen op d'gemeng komm, fir hiren offiziellen Diplom entgéintzehuelen. Während de Wanter- a Fréijoersméint waren, ënnert der Leedung vum Instrukter Steve Ehmann, fënnef staatlech unerkannten Éischt-hëllef-coursen organiséiert ginn. Dës Course fannen ëmmer méi e groussen Uklang an 90 Leit hate sech fir dës Formatioun ageschriwwen. A senger Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch drop higewisen, wéi wichteg et ass, déi elementaarst Handgrëffer ze kënnen an domat engem anere Mënsch an Nout kënnen d'liewen ze retten. Am Numm vum Schäffen- a Gemengerot huet hie jidderengem e grousse Merci mat op de Wee ginn. Gemeng Schëffleng via mywort.lu