Teatime mat engleschsproocheger Musik
Galaconcert vun der Miedernacher Musik ënnert dem Motto „Let it be“
Miedernach. Dëst Joer stoung de Galaconcert vun der Miedernacher Musik ënnert dem Titel „Let it be“.
Den Dirigent Georges Antony hat ee flotten, ofwiesslungsräiche Programm ronderëm d'engleschsproocheg Musik zesummegestallt. Nei war des Kéier, dass de Concert sonndegmëttes ëm 17 Auer ugefaangen huet, wat nawell ganz gutt beim Publikum ukomm ass, et hunn nach missen zousätzlech Still opgeriicht ginn. Um Programm stoung ënner anerem Musik vu Gustav Holst, Ron Hardiman, Linda a Paul Mccartney, Philip Sparke, Coldplay, The Police, Andrew Lloyd Webber a Queen. Als Soliste sinn de René Alf op der Trompett, souwéi de Marc Mollitor an de Bob Welter um Euphonium opgetrueden.
Highlight vum Concert war dem Marc Mollitor säin Euphoniumsolo „Brilliante“, eng Fantaisie op „Rule Britannia“.
Beim Bäitrag vum Jugendensembel „Selections from Tarzan“hunn net nëmmen d'nowuesstalenter op den Instrumenter hiert Bescht ginn, mee och um Dirigentepult, huet d'magaly Da Silva Ferreira säin éischte Concert als Dirigentin vum Miedernacher Jugendensembel mat Bravour gemeeschtert.
Nodeems de Galaconcert mat zwou Zugaben op en Enn goung, gouf den hongerege Gäscht a Musikanten traditionell Fish and Chips oder säfteg Burger vum Angusbéischt zerwéiert.
Guy Wiesen via mywort.lu www.fanfaremedernach.lu