CSJ goes Brussels
Visite beim Eu-kommissiounspresident an de Lëtzebuerger Deputéiert
Lëtzebuerg. Während d'politikgeschäft scho gréisstendeels an der Summerpaus war, hunn eng Rei Csj-ler a jonk politesch Interesséierter sech op de Wee op Bréissel gemaach, fir kee Geréngeren ewéi den Eu-kommissiounspresident Jean-claude Juncker ze gesinn.
An enger Entrevue krute si e Bild vu senger alldeeglecher Aarbecht, an et ass weidergaange mat villen interessante Froen. Egal op China, kënstlech Intelligenz, d'agrarpolitik oder eng nei institutionell Uerdnung fir Europa, op all Fro koum och eng interessant Äntwert vum Eu-kommissiounspresident. Dono ass et du weidergaangen an d'europaparlament, wou no enger klenger Mëttespaus, mat engem Mëttegiessen am Restaurant vum Parlament, déi zwee Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler a Christophe Hansen de Grupp empfaangen hunn. Och mat hinne war d'diskussioun net manner interessant, an Themen ewéi d'wiel vun der Eu-kommissiounspresidentin, de Brexit, d'zukunft vun der EVP oder hir Aarbecht an de Kommissiounen hunn dominéiert. Dunn ass et leider och schonn erëm heem gaangen, mee deen Dag bleift deene Jonken nach laang an Erënnerung. Op der Foto gesäit een de Jean-claude Juncker zesumme mam Csj-nationalpresident Alex Donnersbach a senger Equipe, mat ënnert anerëm der Csj-vizepresidentin Kimi Mosel, der Presidentin vun de Schüler a Studenten, Martine Kemp, dem Csj-ostpresident Marc Ury, dem Csj-südpresident Christophe Anthon a ville motivéierten Csj-ler.
Jos Farschon via mywort.lu