Schatz ahoi
Piratesegelcamp vun den Hoga um Ijsselmier
Lëtzebuerg. Als Ofschloss vun engem erfollegräiche Scoutsjoer 2018-2019 hu sech Hoga (Hollerech-garer Scouten) mam Zuch op de Wee Richtung Enkhuizen an Holland gemaach, fir do e flotte Summercamp op engem Segelschëff ze verbréngen.
Mam Schëff gouf ënnert dem Thema „Piraten op der Sich nom Schatz vum Pirat Kosta“duerch Ijsselmier a Wattemier gesegelt. De Piratekapitän Carlo huet, mat senger treier Komerodin Kaya, d'schëff vun den Hoga-scouten a -Guiden gekapert. No kuerzer Zäit hu sech de Kapitän Carlo an d'gruppecheffin Andrea ugefrënnt an entscheet, sech zesummen op Sich nom Schatz ze maachen.
Ob hirem Wee duerch déi verschidden Hëffen hunn d'scoute verschidden Aufgabe misse léisen, éiert si sech Pirat nenne konnten. Aufgaben ewéi e Piratelidd schreiwen, eng Piratepartie organiséieren, Geocache fannen, en Tauschspill als Kommunikatiounsbeweis, Kooperatiounsspiller fir den Teamgeescht, an nach villes méi. Op der Siche nom Schatz sinn d'scoute vum Hafen Enkhuizen op d'insel De Kreupel, duerch d'häfen vun Den Oever, Den Helder a Stavoren duerch d'kanäl bis op de Strand Lemmer an erëm zréck an den Hafen vun Enkhuizen gesegelt. Ënnerwee ass et an e Marinemuseum gaangen, op der Plage spadséiert ginn an och am Mier gouf geschwommen.
Dem Kosta säi Schatz hunn d'scouten schlussendlech och fonnt. Als Ofschloss goufen déi zwee Piraten a Scouten opgeholl, ier et no all deene flotten Erliefnisser an onvergiesslechen Erfarungen erëm heem op Lëtzebuerg gaangen ass. HOGA FNEL – Scouten a Guiden via mywort.lu