Erléis aus Bicherkaf weiderginn
D'lëtzebuerger Bicherfrënn hunn 38 000 Euro verdeelt
Lëtzebuerg. Op hirer Generalversammlung konnten d'lëtzebuerger Bicherfrënn Les Amis du Livre den Erléis aus dem Verkaf vun de Bicher vum leschte Joer an Héicht vun 30 000 Euro u verschidde karitativ Associatiounen ausdeelen. An de Genoss vun enger Ennerstëtzung kommen de Liewenshaff Merscheed, Médecins du Monde Lëtzebuerg, Op der Schock Asbl a Luxembourg-nepal Kankali School. Donieft hunn d'lëtzebuerger Bicherfrënn och nach mat 8 000 Euro e jonke Lëtzebuerger Auteur ënnerstëtzt, deen zwee Méint an eng Autoreresidenz op Berlin konnt goen.
No dem offiziellen Deel huet de Marc Schoellen en interessante Virtrag gehalen iwwert d'pobeiermillen an d'tapéitfabrik vu Senningen, an dobäi och de Park an d'schlass ënnert d'lupp geholl. Wéi all Joer gouf eng Halschecht vum Comité nei gewielt. Am Comité si fir 2019 Francis Dahm (Präsident); Jos Wagner (Präsident), Guy Peiffer (Tresorier); Christiane Krier (Sekretärin); Irène Altman, Aloyse Gaspar, Frank Hansen, Alfred Kipgen, Guido Raman, Robert Rocco, Maggy Weber (Memberen). D'bicherfrënn verkafen déi Bicher, déi si als Don kréien, op zwou Plazen: an der Pabeierscheier, enger Annexe vis-àvis vum Schlass zu Buerglënster all Donneschden (ausser feierdags) vu 17 bis 19 Auer, an all éischte Sonndeg am Mount vu 14 bis 18 Auer an der Bicherstuff zu Wolz (nieft dem Prabbeli) och all Donneschdeg vu 17 bis 19 Auer an all drëtte Sonndeg am Mount vu 14 bis 17 Auer.anne Kerger via mywort.lu