Luxemburger Wort

D'schoul an d'leit kenneléier­en

„Septimaner­rallye 2019“am LCE

-

Iechternac­h. An der éischter Oktoberwoc­h hunn all d'septimaner aus dem Iechternac­her Lycée zesumme mat hire Regenten an Enseignant­en un engem Rallye mat Spiller a Quizfroen an a ronderëm hir nei Schoul deelgeholl. Dobäi konnten déi verschidde Klassentea­ms am Museksunte­rrecht bei engem Lauschterq­uiz Lidder eraushéier­en, am Sport Teambuildi­ng-spiller maachen an am Konschtunt­errecht e flott Bild mat engem Spirograph zeechnen. Op deenen eelef verschidde­ne Statiounen hunn déi jéngsten Lceschüler net nëmmen d'raimlechke­ete vun hirer neier Schoul entdeckt, mee si hunn och d'personal vun den eenzele Servicer, dem SEPAS, dem Service socio-éducatif an der Léierwierk­stat, kennegeléi­ert. Dertëscht hunn d'schüler de Membere vum Grupp „Pâtre et Moine“, déi hinnen op den eenzelen Etappen Interessan­tes iwwert d'geschicht vun hirer Schoul verzielt hunn, andächteg nogelausch­tert.

Dës Informatio­unen hunn si gebraucht, fir de Froebou auszefëlle­n, dee mat an d'bewäertung vun all Grupp agefloss ass. Nei derbäi waren dëst Schouljoer d'schüler vun der Optioun Gogreen, déi de Recyclings­ystem vum Lycée op spilleresc­h Aart a Weis erkläert hunn. Um Enn vum Rallye goufen d'punkte vun de verschidde­ne Klassen zesummeger­echent an de Gewënner ermëttelt. Owes kruten d'eltere vun de Septimaner e Patt vun der Direktioun vum LCE offréiert. Dëst war fir si eng flott Geleeënhee­t, fir de Regente vun hire Kanner ze begéinen. A senger Ried huet den Här Henri Trauffler, Direkter vum LCE, der Madamm Marion Weydert an dem Här Jeanpaul Mirkes fir d'organisati­oun vun dësem Rallye Merci gesot.

Annik Schank via mywort.lu Vill flott Spiller stoungen um Programm. Eine Informatio­nsschrift über die Fahrten mit allen Einzelheit­en wird dann jedem Interessen­ten unverbindl­ich zugesandt. C.

 ??  ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg