„Autopsy“– elo gi mer alles gewuer
Veianen. E Samschden, den 19. Oktober ëm 20 Auer, trëtt d'michèle Turpel am ale Kino mat sengem neie Stéck „Autopsy“op. Et ass d'liewensgeschicht vun enger Fra am beschten Alter, déi der vun alle Säiten op d'bake kritt huet an déi sech gewiert an zréckgeschloen huet. Elo gi mer alles gewuer. De Voyeurismus gëtt bedéngt, mol op eng witzeg a sarkastesch, dann erëm op eng nodenklech an nostalgesch Manéier. Text a Regie si vum Jemp Schuster, d'musek vum Georges Urwald. Reservéierung iwwer Tel. 621 178 270 oder per Mail monique.becker@pt.lu. Weider Virstellungen an Infoen iwwer Mail (mturpel@pt.lu) oder um Tel. 691 332 850.