Léif Frënn vun der LYRA
D’lyra bleift hirer Linn trei mat engem Programm deen och dëst Joer rëm mat Sécherheet eisem Publikum wäert gefalen, mat Lidder déi un d’jugendzäit erënneren, mat ville flotten Evergreens a bekannte Schlagermelodien, déi dozou verleeden, fir matzesangen.
Eisen Dirigent Marion Michels huet och dëst Joer rëm een ofwiesslungsräiche Programm zesummegestalt, dee sou munches ze bidden huet a wou sécherlech fir all Goût dat richtegt derbäi ass. Hien huet déi meeschte Stécker vum Programm extra fir de Männnerchouer iwwerschafft an arrangéiert, dorënner vill bekannten englesch Melodien a franséisch Chansons. Ech wëll him vun dëser Plaz aus Merci soe fir déi formidabel gutt Aarbecht déi hien lo schonn iwwer 20 Joer bei der Lyra leescht.
Wéi gewinnt suergen och dëst Joer rëm Solostécker, Instrumentaleinlagen a lëschteg Melodien fir vill Ofwiesslung am Programm. Merci duerfir alle Sänger a Solisten fir hir exemplaresch Prouwepräsenz a Merci eisem Pianist an eise Museker fir hir flott Begleedung.
Kommt bei eis, loost al Erënnerungen opliewen a verbréngt mat eis een onbeschwéierten Owend.
Ech wëll vun dëser Plaz aus all deene Leit Merci soen, déi d’ettelbrécker Lyra Joer fir Joer an iergendenger Form ënnerstëtzen. Sief dat duerch eng Annonce, een Don oder hir Präsenz op eise Concerten. Ouni dës finanziell a moralesch Hëllef ass d'iwwerliewe vun engem kulturelle Veräin hautdësdags net méi méiglech.
Léif Frënn vun der LYRA, mir freeën eis drop, fir Iech de 26. Oktober um 20.00 Auer an de 27. Oktober um 17.00 Auer am Centre des Arts Pluriels Edouard Juncker kënnen ze begréissen a mir wäerten eist Bescht maachen, fir Iech ee flotte Concert ze présentéieren. André NICOLAY President