Notizblock Norden
Ëlwen. – Info-owend. D'association Luxembourg Alzheimer invitéiert op een Info-owend zum Thema „Alzheimer an aner Demenzformen“, mëttwochs, de 6. November, vun 19.30 bis 20.30 Auer, am Festsall vam Centre culturel (20, Rue de Binsfeld) zu Ëlwen. Ëlwen. – Änneresmaart. Den 1. Dezember ass zu Ëlwen ërem den traditionellen Änneresmaart mat Floumaart, Kannerfloumaart a Béichermaart am Festsall vam Centre culturel. Ween e Stand wëllt man, ka sich na bis de 15. November om Tel. 621 647 655 (Kontz) melden. Iewerleng. – Virtrag. Am Kader vun de Feieren fir 250 Joer Iewerlenger Kierch hält den Alex Langini e Samschdeg op Invitatioun vum Veräin „Kierch am Duerf – Gemeng Useldeng“e Virtrag iwwert d'geschicht vun der Iewerlenger Kierch an hir Helleg. Rendez-vous ass um 19.30 Auer an der Kierch. Den Entrée ass fräi. Réiden/atert. – Hierkenowend. D'gaartan-heem-sektioun vu Réiden invitéiert fir de 15. November, vun 18 Auer un, op hiren Hierkenowend an der Salle polyvalente hannert der Kierch. Et stinn zwee Menüen zur Wiel: Hierke mat Quellgrompere fir 20 Euro an en Hamenteller mat Quellgrompere fir 20 Euro. Op Ufro kann och ee vegetaresche Menü zerwéiert ginn. Am Präis abegraff sinn de Kaffi an den Dessert. Umeldunge gi nach bis spéitstens den 10. November um Telefon 23 62 18 45 oder 621 512 607 (Raymond Schlim) oder um Telefon 691 920 205 (Christine Poull) ugeholl.