1969 zesummen d'sainte-anne verlooss
Ettelbréck. 1969 war e besonnesch geschichtsträchtegt Joer: Den Neal Armstrong ass als éischte Mënsch um Mound gewandert, zu New York hunn iwwer 400 000 Leit beim Woodstock-festival de Summer vun der Léift gefeiert, an d'beatles hu mat „Abbey Road“hire leschten offizielle Studioalbum erausginn. Wat a wéi vill dovun déi deemoleg Schülerinnen aus dem Sainte-anne matkritt hunn, kann haut net méi genau gesot ginn. Trotzdeem haten och Eenzelner vun hinnen an deem Joer eppes ze feieren. No engem erfollegräichen Ofschlossexame konnt d'klass vun der éischter Divisioun hir Diplomer entgéinthuelen. Säitdeem si 50 Joer an d'land gaangen. Grond genuch, sech nach eng Kéier un dës schéin Zäit zeréckzeerënneren. 17 fréier Schülerinnen haten dann och de Wee op Ettelbréck fonnt, fir sech op eng kleng Zäitrees ze beginn. Empfaange goufe si vun der Schwëster Rita, déi hinnen d'gebailechkeete gewisen huet. Nieft engem komplett verännerten Interieur, gëtt am Sainteanne mëttlerweil de Schoulalldag vun ipads an interaktiven Tafelen dominéiert, fir de Schülerinnen de richtegen Ëmgang mat der moderner Technik bäizebréngen. Dës Andréck goufe bei engem Patt weider verdéift, ier de Grupp an de „Restaurant Dahm“opgebrach ass. Nodeems och do d'zäit regelrecht verflu war, hu sech d'fraen e Versprieche ginn: An Zukunft wëlle si sech all zwee Joer erëmgesinn, fir sech un hir gemeinsam Schoulzäit zréckzeerënneren, an der Hoffnung, datt deen een oder och anere sech dozougesellt. Laurence Glodt via mywort.lu