D'geschicht vum Elektroauto
Erëm eemol hu mir näischt aus der Vergaangenheet geléiert. Genau wéi bei der Exploitatioun vum Pëtrol, wou mer ganz Naturregiounen an der Welt zerstéiert hunn, iwwerloosse mer lo erëm grousse Multinationalen d'exploitatioun vum Lithium (10 kg pro Auto), dee fir d'produktioun vum Elektroauto gebraucht gëtt. Urawunner aus deenen ärmste Regioune vun Argentinien, Bolivien, Chile a China verléieren hir Liewensgrondlag, an zwar Drénkwaasser, well de Lithium mat Hëllef vu Chemikalien (Natriumhydroxid) behandelt gëtt. En plus gëtt d'séisswaasser mat Salzwaasser vermëscht, wat et onbrauchbar mécht. Eis propper Loft am räiche Westen huet also een deiere Präis, an zwar d'verdreiwen, d'mëssbildungen an d'stierwen, erëm eemol vun deenen, déi keng Lobby hunn. Aus der Geschicht kann ee léieren. A Propos Ressource schounen: Haalt ären aktuellen Auto, Moto, Vëlo einfach fënnef bis zéng Joer méi laang. D'ressource, fir déi ze baue si jo scho verbraucht, an dir schaaft och nach Aarbechtsplazen an eise lokale Garagen. Chrescht Jacobs,
Schrondweiler