Wéieng Erausfuerderunge fir d'lëtzebuerger Sprooch?
Ettelbréck. E Méinden, den 18. November, um 19 Auer referéiert de Soziolog Fernand Fehlen am CAPE, am Kader vum Zyklus „Kulturgeschicht Lëtzebuerg“, iwwer d'lëtzebuergescht nom 2. Weltkrich. Dofir gi verschidde Froen analyséiert: Wien huet sech fir d'sproochegesetz vun 1984 agesat a wien huet et gebremst? Wéi kann en de fulminanten Opschwong am Ufank vum 21. Joerhonnert an seng sozioekonomesch Ressorte beschreiwen? Wat sinn d’erausfuerderunge vu muer? Ticketen kaschten 11 an 5,50 Euro. Reserveierungen um Tel. 26 81 26 81 an billetterie@cape.lu. ► www.cape.lu