D'wuelesser, d'eesber an d'houschter Sänger sangen d'sonndesmass
Zum Fest vun der helleger Caecilia, Schutzpatréinesch vun de Sänger, ass et de Gesangvereiner vu Wuelessen, Eesbich an Houschend eng grouss Éier d'radiosmass aus der Kierch vu Wuelessen gesanglech mat ze gestalten. Grad esou wéi an de meeschten Dierfer a Stied, maachen sech och déi Wuelesser, Eesber an Houschter Gesangveräiner Suergen ëm den Nowuess. Si ginn sech awer vill Méi, d'gottesdingschter an aner kierchlech Feierlechkeete musikalesch ze gestalten. C.