Notizblock Norden
Aasselburren. – Adventsbazar. Fir e Sonndig invitéiert den Duärefatelier van Aasselburren van 10 Auer aan op säin traditionelle Chrëstbasar am Sall, dëst mat Adventskränz, Arrangementer, Bastelaarbichten, Choucroute an hausmaacher Gebäck. Brotebaach. – Concert. E Samschdeg ass um 20 Auer zu Bortebaach an der Kierch ee Concert vum Ensemble Vocal Cantica. Héinescht. – Adventsbazar. Fir e Samsdig an e Sonndig invitéieren d'frauen a Mammen van Héinescht-fëschbichkaalber all Kéier va 14 Auer aan op hire Bazar am Centre culturel zu Héinescht, dëst mam Verkof van Adventskränz an Arrangementer, déi een o um Tel. 691 237 212 (Frisch) oder 621 137 040 (Jacobs) reservéiere kann. Um 16 Auer spillt de Jugendensemble Clarindo e Concert an o fir Eessen a Gedrinks ass bestens gesuarrigt. Den Erléis vam Bazar ass fir ee gouden Zweck. Randschelt. – Adventsmaart. Samschdes, de 7. Dezember, ass zu Randschelt vu 17 Auer un Adventsmaart. Um 19 Auer ass dobäi och e Chrëschtconcert an der Kierch mam Grupp „Sing4you“, dëst ënnert dem Motto „That's Christmas Feeling“. Den Entrée kascht zing Euro (fir Kanner fräi) Reservatiounen ginn um Tel. 83 81 85-1 (méindes bis freides vun 8 bis 12 a vun 13 bis 17 Auer) oder per Mail un aktiounsschmett@wahl.lu ugeholl. An de Stroossen suergt d'waler Musik fir Animatioun. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt. Rammerich. – Adventsconcert. D'pompjeesmusik Rammerich invitéiert e Sonndeg um 16.30 Auer op hiren Adventsconcert ënnert der Leedung vum Arnaud Meier am Centre culturel zu Rammerich. Nom Concert gi selwer agemeeten Hierken a Wirschtercher mat Sauermouss zerwéiert. Den Entrée ass fräi.