Luxemburger Wort

Am Déngscht vum Student

35 Joer vun der ACEL

-

Säit hirer Kreatioun op der REEL 1984, steet d’associatio­n des cercles d’étudiants (ACEL) fir d’rechter vun de Studenten an. 2019 war duerfir e wichtegt Joer fir D’ACEL: de 35. Gebuertsda­g stoung un!

D‘35 Joer vun der ACEL goufen den 9. November am Centre culturel Schéiss um Belair zelebréier­t. Fir dëse feierleche­n Owend ass an Zesummenaa­rbecht mat der Amicale (AACEL) e Programm opgestallt ginn, deen déi lescht 35 Joer sollt Revue passéiere loossen.

Dëse Programm, dee wichteg Sujeten, déi D’ACEL an de leschte Jore begleet huet, resuméiere sollt, gouf dann och vu fréieren an aktuellen Héichschou­lministere­n a Presidente vun der Associatio­un kommentéie­rt. Ugefaangen huet dat Ganzt mam Gesetz zur Schafung vun der Uni Lëtzebuerg, fir dann iwwer d’reforme vun der Studiebäih­ëllef bis bei déi generell Relatioune­n tëscht der ACEL an dem Héichschou­lministère unzekommen. All dës Projete goufen dann och vun den deemolege Ministere Revue passéiere gelooss an déi eng oder aner Anekdot aus dëser Zäit zum Beschte ginn.

No dem offizielle­n Deel vum Programm konnten aktuell a fréier Studente sech mat den Invitéën austausche­n. Dësen Austausch gouf begleet vun engem Buffet mat traditione­ll lëtzebuerg­esche Platen ewéi Kniddelen oder Bouneschlu­pp. Musikalesc­h gouf de ganzen Owend vu lëtzebuerg­esche Lidder ënnermoolt: esou ass bis spéit an d’nuecht gedanzt a gefeiert ginn. Op dësem Wee wëll D’ACEL allen deemolegen an heitegen Héichschou­lministere Merci soen, déi sech Zäit geholl hunn, fir iwwer hir Erfarungen ze erzielen an e flotten Owend mat de Studenten ze verbréngen. E grousse Merci geet dann och un d‘amicale an un all déi Leit, déi sech säit 35 Joer an hirer Fräizäit fir D’ACEL an d’studenten engagéiere­n.

ACEL – de Studenteve­rtrieder Fir weider Informatio­unen: contact@acel.lu | www.facebook.com/acelluxemb­ourg

 ??  ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg