De Professeren hir „Privilegien“
De Versuch vun enger Äntwert op d'fro, firwat de Staat keng jonk Leit méi fënnt, déi de Beruff wëllen ergräifen
Et gëtt nach ëmmer vill Leit, déi mengen, d'professeren hätten net nëmme formidabel déck Gehälter, ma si géife fir dee Koup Suen nach bal näischt schaffen. D'seeche vun der éiweger Vakanz an de wéinege Schaffstonnen ass net nei. Dat ass och esou ongeféier dem Här Michel Reckinger, President vun der „Fédération des artisans“, seng Meenung.
Ma e geet nach méi wäit, a weess, wéi et schéngt, datt d'professeren nach donieft eng ganz Rei verstoppte Privilegien hätten, a si roueg sollte sinn, wann de Pappa Staat hinne masseg Iwwerstonnen ophalst. Zu deem Thema wëllt ech zwou Saache soen:
1. Wann d'professere wierklech esou masseg verstoppte Virdeeler hätten, an déi emol missten op den Dësch geluecht ginn, da mussen awer och déi heemlech Virdeeler vum Privatsecteur genee esou behandelt ginn. Ech weess zum Beispill emol vu gratis zur Verfügung gestallten décken Autoen, vu „Primes de fin d'année“, déi sech gewäsch hunn, an (oder) vun dräizéngte, véierzéngte … Méint Gehalt um Enn vum Joer.
2. Wann d'professere wierklech esou super gutt gestallt wieren, da stellt sech eng eenzeg Fro: Firwat fënnt de Pappa Staat da keng jonk Leit méi, déi dee Beruff wëllen ergräifen? Firwat musse mer elo an d'ausland no Kandidate siche goen?
Zum Schluss eng Bemierkung: Am Privatsecteur gëtt et reegelméisseg Verhandlungen, fir Lounan Aarbechtskonditiounen ze verbesseren. Fir d'professeren huet de Pappa Staat an deene leschte Joeren nëmme Verschlechterunge vun den Aarbechtsbedingunge virgeschloen an duerchgedréckt.
Déi lescht Gehälteropbesserung fir d'professeren (ech schwätzen net fir d'staatsbeamten am Allgemengen, well do hu jo verschidde Beruffer sech zolidd no uewe geschafft) huet elo just hire 50. (!!!) Anniversaire gefeiert.
Ech weess et genee, well ech hat se selwer als President vun der Apess mat vill Méi an Nout realiséiert kritt.
Raymond Schaack, fréiere President vun der Apess, Lëtzebuerg
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Et mussen all Donnéeën op den Dësch kommen“vum 7. Dezember.