„Um Stamminee“, eng musikalesch-satiresch Revue
Miersch. D’kulturhaus invitéiert haut Samschden, um 20 Auer, a muer Sonndeg, um 17 Auer, op eng musikalesch-satiresch Revue iwwert 1960er- a 1970er-joren zu Lëtzebuerg aus dem Mond vum Pir Kremer. „Um Stamminee“ass en Hommage un de Pir Kremer awer keng Biografie vum Auteur. Mat senge Stamminee- a Revue-texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. Regie bei dëser Collage féiert de Claude Mangen. Et sangen a spillen de Jeff Elcheroth, d’véronique Kinnen, d'deborah Marinkovic an de Rafael Parrinha. An der PIK-BAND spillen Jessica Quintus (Saxophon), Gilles Burgund (Trompett), Tom Wiot (Kontrabass), Max Sauber (Perkussioun) a Georges Urwald (Piano). D’tickete kaschten 36, 24 an 12 Euro, Kulturpass: 1 Euro. Weider Opféierungen dëst Joer sinn de 27., 28. an 29. Dezember geplangt. ► www.luxembourg-ticket.lu