Notizblock Norden
Heischent. – Gedenkfeier. E Freideg erënnert sich d'gemeng Esch/sauer un de 75. Joresdag vun hirer Befreiung duerch di alliéiert Truppen an der Ardennenoffensiv. Um 18 Auer ass eng religiéis Zeremonie an der Kiirch zu Heischent. Duerno ass de Rendez-vous an der Sportshal zu Heischent, wou un di grujeleg Chrëschtdeeg vun 1944 an den Dierfer vun der Gemeng geduecht gëtt. Neevt dem Lokalhistoriker Robert Everling bréngen eng Rei jonk Leit unhand vun Temoignagen a Reportagen di dramatesch Deeg an Erënnerung, dëst a Präsenz vun auslännische Gäscht. Encadréiert gëtt dës zivil Gedenkzeremonie vu Musikerinnen a Musiker aus der Gemeng Esch/sauer.