Schwëster Teresina
Wann een erlieft, dass Dir musst goen,
da kann ee sech villäicht emol froen: „Huet Ären Här gutt iwwerluet
Wat fir e Misär hien ons bruecht?
Kee war wéi Dir mam Haus verbonnen. Kee wousst vun allem
esou Bescheed.
Ëmsou méi déif sinn
och déi Wonnen, déi Ären Ofgang hei verbreet.
Dir waart wéi d'séil vun dësem Haus, 't schéngt bal, datt d'luuchte géingen aus. E Stéck vum Pafendall
ass elo fort,
't ass net méi grad dee gläichen Uert.
Äert gëllent Häerz,
Äre Verstand, déi woren iwwerall bekannt, 't ass näischt, wat ons net drun erënnert, wéi Äre Geescht hei huet geglënnert.
E Stéck vun ons ass net méi do, de Misär läit ons ewell um Mo. Mir hoffen, datt en ons vergeet: „Denkt gutt vun ons an der Éiwegkeet“.
Är Séil stoung fest zu Ärem Glawen. Den Himmel sief fir
Iech Äert Graf.
Paul Ewen, Lëtzebuerg