Méi wéi een Hoken
All Bierger huet Usproch op e qualitativen a sécheren ëffentlechen Transport
D’aféierung vum gratis ëffentlechen Transport, déi den 1. Mäerz 2020 a Kraaft trëtt, ass ee wichtege Schrëtt no vir fir onst Land, dëst souwuel am Kader vun der Klimapolitik ewéi awer och als sozial Mesure, déi jidderengem soll zegutt kommen.
An awer läit den Hoken am Detail. Als Lsap-membere sinn ons verschidde Punkten opgefall, déi mir net kënnen ignoréieren.
1) Gëtt den ëffentlechen Transport doduerch wierklech méi attraktiv, oder feelt et reegelrecht un enger landeswäiter gerechter Ubannung?
Eng gutt territorial Ubannung un den ëffentlechen Transport ass leider längst net an alle Regioune vum Land garantéiert.
Dobäi kommen déi onvermeidbar Baustellen op de Schinnen, Verspéidunge vun den Zich oder d’ausfale vun Zich, déi ganz einfach aus technesche Grënn annuléiert ginn. D’statistik vun der CFL spigelt hei leider net d’realitéit erëm. Jiddereen, deen öfters de Bunnverkéier benotzt, weess, datt déi meescht Zich net pénktlech fueren, bezéiungsweis ganz ausfalen!
Am Groussen a Ganze si bis elo dräi Pôles Multimodaux uechter d’land virgesinn, dovunner een am Zentrum an ee weideren am Süden. Do kann een sech jo mol d’fro stellen, wéi et da mam Norden a mam Osten ausgesäit? Hunn déi Leit ganz einfach nëmme Pech, an dëse Regiounen ze liewen? Oder sinn dës Deeler vu Lëtzebuerg net sou wichteg, soudatt een dës Biergerinnen a Bierger einfach op sou eng Aart a Weis vernoléissege kann?
Dobäi huet dach all Biergerin an all Bierger d’urecht op ee gutt a flächendeckend ëffentlecht Transportangebot, an egal wou si liewen. Dëst gëllt natierlech och besonnesch fir eeler an hëllefsbedierfteg Leit.
2) Bierger 2. Klass? D’zoumaache vun de Guicheten an d’zréckzéie vun Cfl-beamten op deene ville Gare wäert eiser Meenung no wuel kaum zu enger Verbesserung vun der Qualitéit féieren.
Wann een als eeler Generatioun net mat der Digitaliséierung kloerkënnt an eng direkt, perséinlech Berodung néideg hätt resp. ganz einfach dee Moment eng Berodung bräicht, dann heescht et fir déi betraffe Leit aus de ländleche Regiounen oder och aus der Groussregioun, entweder laang Weeër op sech huelen an sech bis an d’stad oder op Esch deplacéieren, fir hir Info ze kréien, oder op deen nächsten Zuch waarden, fir kënne perséinlech Renseignementer beim Schaffner ze froen.
Dobäi kënnt eng weider ermiddend Feststellung, datt d’gare landeswäit bis haut nach ëmmer net all behënnertegerecht ageriicht sinn.
3) D’gewaltpotenzial ob de Garen an am ëffentlechen Transport hëlt ëmmer méi zou!
Och wann d’zuele vun der CFL hei eppes aneres soen, huet d’villfältegkeet an d’intensitéit vun den Iwwergrëff an de leschte Wochen ëmmer méi zougeholl, an dëst souwuel op Cfl-mataarbechter ewéi och op d’clienten. Déi rezent Attack vum 10. Januar, déi nees an der Stad stattfonnt huet, huet den
Eescht vun der Lag nach emol ganz kloer ervirbruecht.
Esou wéi den ëffentlechen Transport am Moment gereegelt ass, ass et einfach onméiglech, en optimale Schutz ze bidden, dëst fir Cfl-beamte wéi och fir d’voyageuren a Clienten.
– Kamerae sinn eng Technologie, déi leider net viru Panne geschützt ass, an d’qualitéit vun de Fotoe si meeschtens sou verpixelt, dass een näischt drop erkennt.
– D’police Agente kann een net an all eenzelnen Zuch setzen, dëst aus puer Grënn. Et géif nämlech engersäits onmoosseg deier ginn an anersäits, sou vill Personal ass net disponibel, fir dat an dëser Form kënnen ëmzesetzen, an och privat Sécherheetspersonal ka keng Polizisten ersetzen.
Dës onméiglech Situatioun kréien net nëmme Mataarbechter vun der CFL ze spieren, mee och zivil Persounen, Studenten a Kanner, di all Dag den Zuch fir op d’aarbecht, respektiv fir an d’schoul huelen. Et géif also onser Meenung no héich Zäit ginn, fir déi verschidden opgeworf Kritikpunkte mat a Betruecht ze zéien a konkret Mesuren ze plangen, déi deem Ganzen entgéintwierken.
Haut als Fra muss ee schonn zweemol doriwwer nodenken, ob ee sech dem Risiko vun Iwwergrëff an den Zich an op de Garë fräiwëlleg exposéiere wëll. An heibäi schwätze mir mol nach net vun all deene Mammen, déi hiert Kand mat Angscht an d’schoul schécke mussen. Zum Schluss wëlle mir drun erënneren, dass an engem net iwwerwaachte Raum et absolutt kee Geheimnis duerstellt, wann do d’aggressiounen ëmmer méi zouhuelen. D’aggressioune vis-à-vis vum Eisebunnspersonal ginn zwar ëmmer erfaasst, all déi géintiwwer deenen aneren Zuchbenotzer awer net, an duerfir kënne mir eis a puncto Analys och leider net op diesbezüglech Zuele vun der CFL verloossen.
Hei hu mir elo vum Zuchverkéier geschwat, awer wéi ass et dann an de Bussen? Et wier och mol vläicht interessant, dës Zuelen ze analyséieren. Duerfir, wéi heescht et sou schéin: „affaire à suivre“…
Aurore Rössler, Tina Koch, Marcel Maack, Joëlle Pizzaferri,
Claire Delcourt