Un d’laache kréien
De Cabaret „Nei Revue“vum 2. Abrëll bis 4. Mee
Den 2. Abrëll geet et lass! Dann ass d’revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret, nees do! Den Ensembel „Nei Revue Asbl“steet mat engem lëschtegen an ofwiesslungsräiche Programm op de Brieder a féiert domat déi grouss Lëtzebuerger Theatertraditioun weider.
Humoristesch, zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangent Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot!
No engem gelongenen
Neiufank
Nodeems d’revue ee Joer ausgefall war, hu si virun zwee Joer mat enger zum Deel remaniéierter Ekipp den Neiufank gemaach. An et gouf gesot, datt et guer net esou schlecht war! Mëttlerweil hu si dee richtege „Rythme de Croisière“fonnt a spillen och dëst Joer nees am Abrëll an am Mee op enger ganzer Rei vu Plazen am Land. Si si gewëllt, och 2020 mat där positiver Entwécklung weiderzefueren an de Publikum mat hire flotte satiresche Sketcher
a Lidder un d’laachen ze kréien.
Ënnert der Regie vum Nico Lessyn spillen: Dana Zangerlé, Liliane Luyckfassel, Brigitte Bintz, Stéphanie Welbes, Gérard Heinen, David Bettinelli, Rafael Parrinha, Marc Camy a Ricardo Vieira. Geschriwwe goufen d’stécker aus de spatze Fiedere vun: John Moris, Marc Weidert, Liliane Luyckfassel a Gast Zangerlé.
Den Ufank gëtt gemaach am Kapuzinertheater an der Stad all Dag vum 2. bis de 5. Abrëll 2020. Duerno gi si an den Theater op Esch, all Dag vum 8. bis den 10. Abrëll; da geet et an de Käerjenger Treff, an dat all Dag vum 17. bis den 19. Abrëll. Am CAPE zu Ettelbréck spille si all Dag vum 23. bis de 26. Abrëll, an uschléissend zu Bartreng am ARCA all Dag vum 27. bis den 29. Abrëll. Zum Schluss geet et an de Cube 521 op Maarnech, wou si den 3. an de 4. Mee optrieden. Text/foto: C.