Experte fir Aueren, Gold an Edelsteng
BQ Watches nach bis den 31. Januar am Hotel Cravat
Den Ian Shaffer vu BQ Watches mat Sëtz zu London steet zu Lëtzebuerg zur Verfügung, fir Expertisë vu Luxusaueren, ë. a. grouss Marke wéi Rolex a Cartier, an och vu Gold, Diamanten a Bijouen (egal a wéi engem Zoustand) unzebidden.
Bei engem Verkafsevenement, dat kierzlech zu Lëtzebuerg stattfonnt huet, koum den Här Hans Muller, e pensionéierten Ingenieur aus Däitschland, mat enger futtisser Rolex Cosmograph aus dem Joer 1970, déi hie wollt fir ongeféier 10 000 Euro verkafen. No enger kompletter Begutachtung vu senger Auer war hien iwwerrascht, datt hie 55 000 Euro fir säi raart Stéck krut. Bei deem selwechten Evenement goufen ë. a. eng Auer vun IWC (déi 1972 vun der Arbed presentéiert gouf, wéi nei mat Pabeieren), eng südafrikanesch Krugerrand vun 1967 fir 2 500 Euro, eng brittesch Sovereign vun 1937 fir 2 400 Euro, en 1,06-Karat-diamantrank (Dfaarf) fir 11 250 Euro en antiken 18-Karat-goldbracelet vun 1960 (30 Gramm) fir 1 200 Euro verkaf. Den Ian Shaffer, deen iwwer 50 Joer Erfarung an der
Bewäertung vun héichwäertegen Aueren, Diamanten, Gold, Mënzen a Bijouen huet, kënnt säit bal 20 Joer op Lëtzebuerg an huet sech hei eng grouss Clientèle opgebaut. Hien huet och schonn d’brittesch Police, d'douane a verschidden Auktiounshaiser bei Bewäertunge vu Vintage- a raren Auere beroden.
2013 gouf den Ian Shaffer vun de Lieser vun der aflossräicher brittescher Zäitschrëft Watchpro zu engem vun de „Biggest players in the business“gewielt. Hie bewäert mat de Rekordpräisser, déi den Ament bezuelt ginn, well d’brittesch Bijoutiere virum Brexit massiv stockéieren.
Bis den 31. Januar erwaarden Iech den Ian Shaffer a säin héichqualifizéiert Expertenteam am Hotel Cravat.
Sollt Dir si verpassen, kontaktéiert si einfach iwwer bqwatches.com.
Si stinn Iech zu folgenden Zäiten zur Verfügung: Méindeg, 27. Januar, bis Freideg, 31. Januar, vun 10 bis 17.30 Auer.
Bis den 31. Januar erwaarden Iech den Ian Shaffer a säin héichqualifizéiert Experten-team
am Hotel Cravat.
Sollt Dir si verpassen, kontaktéiert si einfach iwwer bqwatches.com. Si stinn Iech zu folgenden Zäiten zur Verfügung: Méindeg, 27. Januar, bis Freideg, 31. Januar,
vun 10 bis 17.30 Auer.