Notizblock Norden
Boukels. – Fir sonndes, de 16. Februar, invitéieren d'boukelser Vältesfrënn an d'jeunesse Géisdref-boukels op hir Välteskirmes zu Boukels. No der Pilgermass zu Éiren vum hellege Välten ass Kënnbakestee, iert an der Scheier vun der Famill Pinon fir 24 Euro d'mëttegiessen zerwéiert gëtt. Reservatiounen ginn um Tel. 83 98 57 oder 691 839 857 ugeholl. De ganze Mëtteg iwwer ass och fir dat leiflecht Wuel gesuergt. Fir Danzmusik suergt ab 16.30 Auer den DJ Andy. Den Erléis vum Dag ass fir e gudden Zweck. Dikrech. – Missiounsbasar. D’fraen a Mammen Dikrech invitéiere fir samschdes, de 29. Februar, vu 14 bis 18 Auer a sonndes, den 1. Mäerz, vun 10 bis 18 Auer op hire Missiounsbasar an der Aler Seeërei zu Dikrech. Um Programm stinn eng sching Tombola, Handaarbichten, e Floumaart an hausmaacher Pâtisserie. Den Erléis ass fir sozial Wierker.
Ëlwen. – Hirreken-eessen. D’amicale vam Drëtten Alter Ëlwen invitéiert op Äschermëttwoch, de 26. Februar, ëm 12 Auer op hiert traditionellt Hirreken-eessen am Refectoire vam Centre culturel zu Ëlwen. Reservatiounen an Ameldunge giänn bis den 18. Februar om Tel. 621 647 655 entgéintgehollt. Van 11.30 Auer aan kann een d’hirreken o séiche kommen.
Ettelbréck. – Table ronde. Fir e Mëttwoch invitéieren de Gemengerot an d’kooperatiounskommissioun vun Ettelbréck an Zesummenaarbecht mat SOS Faim an Infine op eng Table ronde zum Thema „Bienfaits et limites de la microfinance: l’exemple de Kivu“um 19.30 Auer am Foyer vum CAPE.