Samschdeg
Gréiwemaacher: Hierkenowend
D'frënn vun de Maacher Guiden a Scouten an d'scoute vum Grupp St-laurent invitéieren op en Hierkenowend den 8.02. ëm 18.30 Auer mat enger „Mini-playback-show“. D'iesse fänkt ëm 19.30 Auer un. Wee keng Hierke wëllt kritt och gären eng gutt Hamen- oder Kachkéisschmier. Reservéiert Äert Iessen um Nummer 621 725 376. – Verëffentlecht vum Jean-paul Schiffmann op mywort.lu
Grosbous: Micky-maus-bal
Di Groussbusser a Wahler Musek invitéieren op hiren traditionelle Mickymaus-präismaskebal den 8.02 am Festsall zu Groussbus. Et spillt den Orchester Ever Dance. Den Entrée kascht 7 €. D'präisser fir di schéinste Maske sinn 100 €, 75 € a 50 €. – Verëffentlecht vum Charles Reiser op mywort.lu
Fels: Galaconcert
D'société Philharmonique Larochette spillt de Galaconcert mam Titel Closing Centre culturel vun 20 Auer un am Centre culturel. Ab 22.30 Auer ass eng After Party mat Timeless. Den Entrée kascht 10 €. – Verëffentlecht vum Syndicat d'initiative & Tourisme Larochette asbl op mywort.lu
Junglinster: Floumaart
Großer Flohmarkt mit über 100 Verkaufsständen im Centre polyvalent Gaston Stein, von 9 bis 16 Uhr. Verkauft werden gebrauchte Sachen, wie z.b. Flohmarktartikel, Haushalts- und Dekorationsartikel, Spielsachen, Bücher, Gläser, Porzellan, DVD, CD, LP usw. (Keine Kleidung). – Veröffentlicht von Sylvie Hertges auf mywort.lu
Roodt/syr: Kopfüber ins Glück D'kanner vun den Danzklassen aus der Maacher Museksschoul, ënnert der Leedung vum Maïté Margue zesumme mam Magali Saint-michel, maachen sech mat Schüler vun de Museksklassen op d’sich nom Gléck. „Kopfüber ins Glück“gëtt den 8.02. um 19 Auer an den 9.02. um 11 Auer am Syrkus gespillt. – Verëffentlecht vum Carlo Migy op mywort.lu
Sassenheim: Kannerfuesbal D'chorale Ste Cécile invitéiert vu 15 bis 18 Auer op hire Kannerfuesbal mat flotter Animatioun. All verkleetent Kand kritt eng kleng Iwerraschung. Den Entrée kascht 4 € fir d'kanner a 5 € fir déi Erwuessen. – Verëffentlicht vum Norbert Pater op mywort.lu
Waldbredimus: Fueskniet
D'trëntenger Musek baakt den 8.02. hier traditionell Fueskniet. Vun 8.30 bis 12 Auer Auer kennt Dir zu Waldbriedemes am Veräinsbau Fueskichelcher kafen, oder Är Bestellung do ofhuelen. Hei kritt Dir och gären eng Taass Kaffi zerwéiert. De Präis fir 500g ass 9€. Reservéiert elo Är Fuesent per Mail op musek@trentengermusek.org – Verëffentlecht vun der Trentenger Musek a.s.b.l. op mywort.lu