„Männer am Herscht“
Succès fir d’theaterekipp vum Sängerbond Museldall
D’acteure krute vill Applaus.
Waasserbëlleg. Wéi de Regisseur vun der Theaterekipp vum Sängerbond Museldall den Dräiakter „Männer am Herscht“vum Bernd Kietzke, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Romain Pierrot, erausgesicht huet, hätt hien net geduecht, sou vill Fraen un d’laachen ze kréien. Muench Männer ënner de 600 Zuschauer hunn awer iwwerluet, op se him net de Männerbeoptragten aus dem Gläichheetsministère sollten op de Pelz schécken. Zwéi, ganz verschidden, Männer, ëm déi 50, gespillt vum Romain Streff a Serge Oth, waren doheem erausgeflunn a fannen en Zëmmer bei der Famill Backes, duergestallt vum Mariette Zacharias, dem Vicky Toonen an dem Yvon Streff. Hier Nach-fraen, d’actricë Simone Toonen a Joëlle Theobald probéieren, zesumme mat hirer arroganter a geldgieriger Affekotin, brilliant gespillt vum Delphine Hansen, déi zwee Männer bis op de Kalzong auszedoen. Am jonken, verléiften Bréifdréier, déi éischte Kéier, ganz iwwerzeegend, beim Sängerbond Museldall op der Bühn, fanne si am Philippe Hoffmann e lussigen a gewëtzten Kolleg. An no enger fulminanter Schlusszeen, kënnt et, wéi et ëmmer komme muss: Op all Dëppe kënnt den Deckel, dee passt.
Wann emol en Acteur hänke bliwwen ass, huet den Pësperer Martin Toonen weidergehollef. D’tessy Müller huet fir déi passend Frisure gesuergt, an d’bühnebild war vum René Krier a Roby Kersch gebaut ginn. Regie huet de Michel Kohn zesumme mat senger Assistentin Sandra Bettendorf gefouert.
Michel Kohn via mywort.lu