Dem Mirsa seng Odyssee
Eng Geschicht vu Béiwen un der Sauer aus der Zäit vun der Ardennenoffensiv
Et sinn elo gläich 75 Joer hier. Deemools war vill Misär an Nout douewen am Eislek. Munches ass geschitt, wat ee fir onméiglech gehalen hätt, an ëmmer erëm si gelunge Geschichte passéiert, déi awer an der Wull vun den Evenementer einfach ënnergaange sinn.
Hei esou eng Geschicht, déi mir bis haut nach imponéiert. Fir et gläich ze soen, d’mirsa war en Hond, vill méi eng Hondsmadame. Eigentlech näischt Aussergewéinleches. Et war e sougenannten Véihond, an un enger Ketten ugestréckt huet en am Stall bei de Kéi geschlof. Wann d’kéi aus dem Stall gaange sinn, dann ass d’mirsa an Aktioun getratt, dann hu se him musse follegen a frot net wéi. D’mirsa huet d’kéi eleng op Dränk bei d’baach gefouert, dat war gutt 500 Meter vum Haus ewech.
Et war eng Kou, nenne mer se Finni, déi war ëmmer ganz presséiert, a si war ëmmer déi éischt an der Baach an dann natierlech och déi éischt, déi den Duuscht geläscht hat. D’mirsa hat do esou seng Prinzippien. Wann d’finni fäerdeg war, dann huet alles mussen aus der Baach a séier op heem, ob den Duuscht geläscht war oder net, do gouf et kee Pardon.
Den Hierscht huet de Pätter aus dem Haus d’kéi op d’offe Weed gefouert an do gehitt. Och do war d’mirsa ëmmer derbäi. De Pätter huet, fir d’zäit ze verdreiwen, gestréckt, d’fraleit, d. h. seng Schwësteren, haten en dat geléiert, wéi e jonk war an hien huet dat ganz gutt gemat.
En huet sech da bei der Wiss eng Plaz gesicht, wou e sech kamoud konnt dohi sëtzen, an d’mirsa louch bei him an huet no de Kéi gekuckt. Hie wosst genau, wou d’grenz war, a gare la Box, wann eng e Schratt ze wäit eraus gemat huet, da gung et awer séier erëm zréck.
Och hei hat d’mirsa seng Prinzippien. Wann de Pätter d’stréck agepaakt huet, da war dat d’signal, fir mat de Kéi heemzefueren an dann huet alles mussen heem, och wann de Pätter sech emol versinn hat, da ware se alt deen Dag net esou laang op der Weed.
Esou huet d’mirsa joran, joraus säin Déngscht gemaach zur voller Zefriddenheet vu senge Leit. An dunn op eemol koum d’ardennenoffensiv. Béiwen louch jo net wäit vum Schumann’s Eck ewech, an d’amerikaner haten do eng Basis, fir sech ëmmer erëm zréckzezéien.
Déi Béiwener Leit goufen evakuéiert, an och dem Mirsa seng Leit vum Knupp hu musse fort. D’amerikaner hu se op e Camion, ee sougenannte GMC, gelueden a se op Reimberg an de Préizerdaul gefouert. Hei ware se bei fei Leit ënnerdag koum a si hunn nëmmen drop gewaart, fir erëm endlech heem ze kommen.
Zu Béiwen waren e puer méi jonk Maansleit do bliwwen, fir nom Véi ze kucken. Esou war den Albert, e Brudder vum Jemp vum Knupp, do bliwwen, an hien huet dann och no hire Kéi gekuckt. Si konnten dat nëmme mueres ganz fréi oder owes spéit maachen.
Wann den Albert op de Knupp komm ass, dann huet d’mirsa am Stall ganz erbäermlech gehault, an eng Kéier huet hatt dem Albert esou leed gedoen, datt deen et lass gemaach huet, am gudde Glawen, dass hatt sécher erëmkéim. Mä d’mirsa koum net erëm. Den Albert duecht alt: Oh, da kënnt et deen aneren Dag erëm, mä d’mirsa war verschwonnen. Et war jo déi Zäit äiseg kal an et louch Schnéi.
Zu Reimberg koum d’fra vum Haus, wou déi Béiwener aquartéiert waren, eng Kéier an du sot se: Dobausse virun der Dier do läit esou en erbäermlecht Déier, an dat mécht esou ellen, kommt emol mat kucken. D’ketty vu Béiwen geet da mat virun d’dier, a si konnt hiren Aen net trauen. Ma dat do ass eist Mirsa, eisen Hond vu Béiwen. Si hunn et mussen erandroen, et hat den hënneschte Laf ewéi geläämt an et konnt sech kaum nach beweegen. D’mirsa gouf du gefleegt, an en ass net vun hinne gewach, et war ëmmer an der Angscht, si géifen et erëm eleng loossen.
Wéi se erëm zréck op Béiwen komm sinn, dunn huet den Albert gebeicht, wéi et mam Mirsa gaange war. Dunn hu se dann emol nogerechent, wéi laang en ënnerwee war. Dräi Deeg hat e gebraucht, fir duerch den héije Schnéi vu Béiwen un der Sauer op Reimberg ze lafen.
Erstaunlech, wat esou en Déier leeschte kann. Et muss ee jo bedenken, dass Reimberg ongeféier 30 Kilometer vu Béiwen ewech läit, an d’mirsa hat jo keng direkt Spuer vu senge Leit, well si si mam Camion fortgefouert ginn, an dertëschent hat et erëm geschneit. D’mirsa huet duerno nach e puer Joer säin Déngscht als Véihond zu Béiwen gemaat.
Gewëss, et gëtt méi grouss Leeschtunge vun Déieren, mä fir Lëtzebuerger Verhältnisser ass dem Mirsa seng Odyssee awer erzielenswert.
N.B.: Dem Mirsa seng Leit, dat war d’famill Jemp a Ketty Tockgoeders vum Knupp a (Woler) vu Béiwen un der Sauer. Den Albert, dem Jemp säi Brudder (Albert Tock-sassel) war Eedem a (Braken) an huet déi aner Säit vum Duerf gewunnt.
Roger Even,
Bartreng